D’Spéitwierker, déi de Johannes Brahms fir de Klarinettist Richard Mühlfeld geschriwwen huet, bilden eng ganz eege Klangwelt voller Intimitéit an Ausdrock. Den Arthur Stockel (Klarinett), d'Hanna Salzenstein (Cello) a de Manuel Vieillard (Piano) stellen dës Wierker als en zesummenhängenden Zyklus duer: zwee Programmer, déi fir sech stinn an déi sech awer géigesäiteg ergänzen an e musikalesche Bou bilden. Eng kuerz Moderatioun tëschent de Programmer erzielt, wéi de Komponist an de Klarinettist sech begéint sinn.
Dëse Concert gouf de 24. September 2026 an der Fondation Valentiny zu Remerschen opgeholl. De Matschnëtt ass nach bis de 24. November an der Opus-Mediathéik disponibel.
Programm:
Clara Schumann (1819-1896): Romanz Nr.1, Op. 22
Johannes Brahms (1833-1897): Sonat Nr.1 a Fa Mineur, Op. 120, Nr.1
Johannes Brahms (1833-1897): Trio fir Klarinett, Cello a Piano, Op. 114
Felix Mendelssohn Bartholdy (1809-1847): Herbstlied, aus '6 Lieder-Duette', Op. 63 (Zugab)
Interpreten:
Arthur Stockel (Klarinett)
Hanna Salzenstein (Cello)
Manuel Vieillard (Piano)