Ënner der Leedung vum Pit Brosius hëlt den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg eis mat an déi grouss russesch Romantik. Dem Sergei Rachmaninow seng "Rhapsodie iwwer en Theema vum Paganini" gëtt interpretéiert vum däitsche Pianist Joseph Moog, an den Igor Strawinsky bréngt Humor a Fantasie an de Programm mat senger Zirkus-Polka a senger Suite "Der Feuervogel". Ausserdeem héiere mer nach en neit Wierk vum Lëtzebuerger Komponist a Saxophonist Hy-Khang Dang.
Dëse Matschnëtt ass nach bis den 13. November an der Opus-Mediathéik disponibel.
Programm:
Hy-Khang Dang (1995): If the bell rings, why should we run? (Uropféierung)
Sergei Rachmaninow (1873-1943): Rhapsodie iwwer en Theema vum Paganini, Op. 43
Igor Strawinsky (1882-1972): Zirkus-Polka, K064
Igor Strawinsky (1882-1972): Der Feuervogel (Suite), Versioun vun 1945, K010d
Interpreten:
Joseph Moog (Piano)
Orchestre National des Jeunes du Luxembourg
Pit Brosius (Dir.)