Nëmme ronn 5 Prozent vun de weltwäit opgefouerte Wierker stamen aus der Fieder vu weibleche Komponistinnen. Dat läit awer net dorun, datt et keng Frae gouf, déi sech fir d’Kompositioun interesséiert hunn. Mee just déi mannste Komponistinne kruten a kréien déi nämmlecht Opmierksamkeet wéi hier männlech Homologen.
An der Essener Philharmonie huet sech dofir wärend véier Deeg alles ronderëm d’Liewe vu grousse Komponistinnen aus verschiddenen Epoche gedréint, mat Wierker vu Clara Schumann, Elfrida Andrée a Louise Farrenc.
D’Ouverture vum Festival hunn d’ Essener Philharmoniker den 12. an 13. Mäerz 2026 ënner der Direktioun vun der opstriewender Dirigentin Nil Venditti gespillt.
Dir kënnt dëse Concert bis de 27. Oktober hei an der Mediathéik nolauschteren.
Programm:
Ina Boyle (1889 – 1967): The Magic Harp
Maria Herz (1878 – 1950): Celloconcerto, Op. 10
Louise Dumont Farrenc (1804 – 1875): Sinfonie Nr.2 a Ré Majeur, Op. 35
Interpreten:
Raphaela Gromes (Piano)
Essener Philharmoniker
Nil Venditti (Dir.)