Wéinst engem technesche Problem war dëse Concert net op Antenn ze héieren. De Matschnëtt vum Concert gouf awer live am Sall gemaach an dir kënnt en hei an der Mediathéik lauschteren.
Beschreiwung vum Concert: Den Andreas Mader presentéiert säin neien Album "In Motion" am Kader vum Echter'Classic Festival 2026. Erlief een humorvollt Spill tëschent dem Andreas Mader a sengem Schiet - sengem "Alter Ego" - an eng rhythmesch Rees duerch Flamenco, Tango an zäitgenëssesch Kammermusek um Opus.
Programm:
Andreas Mader (1993) - Alter Ego fir Sopransaxofon a Schied
Caroline Shaw (1982) - Its Motion Keeps arr. fir Ensembel (arr. Hy-Khang Dang)
Andreas Mader (1993) - Alter Ego fir Sopransaxofon a Schied
Heitor Villa Lobos (1887-1959) - Fantasia arr. fir Saxofon an Ensembel (arr. Pit Brosius)
Pierre Max Dubois (1930-1995) - Tango Sonatine arr. fir Saxofon an Ensembel (arr. Pit Brosius)
Manuel de Falla (1876-1946) - Scene/Suite aus Amor Brujo fir Ensembel (arr. Hy-Khang Dang)
Andreas Mader (1993) - Alter Ego fir Sopransaxofon a Schied
Maurice Ravel (1875-1937) - Blues fir Gei, Saxofon an Ensembel (arr. Hy-Khang Dang)
Jacques Ibert (1890-1962) - Concertino da Camera fir Saxofon an 11 Instrumenter