Et sinn déi schéi gesonge Melodien, déi den italieenesche Bel Canto definéieren. Bekannt dofir si virun allem d'Operenarie vum Bellini an Donizetti. E grousse Melodist, dee sech vum Bellini senger Musek inspiréiere gelooss huet, war de Frédéric Chopin. Op dësem Concert ginn, passend zu där Verbindung, zwou vu sengen Nocturnen an en Arieprogramm integréiert.
Programm:
Vincenzo Bellini (1801-1835): "Dolente immagine di Fille mia", aus 'Composizioni da Camera'
Gaetano Donizetti (1797-1848): "Regnava nel silenzio" an "Quando rapito in estatsi", aus 'Lucia di Lammermoor'
Frédéric Chopin (1810-1849): Nocturne a Fa dièse Majeur Op. 15, Nr.2
Vincenzo Bellini (1801-1835): "Casta Diva", aus 'Norma'
Frédéric Chopin (1810-1849): Nocturne a Sol Mineur Op. 15, Nr.3
Vincenzo Bellini (1801-1835): “Per pietà, bell’idol mio”, aus 'Sei Ariette'
Gaetano Donizetti (1797-1848): “C'en est donc fait" an "Salut à la France", aus 'La fille du régiment'
Vincenzo Bellini (1801-1835): "Ma rendi pur contento", aus 'Sei Ariette' (Zugab)
Interpreten:
Claudia Galli, Sopran
Grégory Moulin, Piano
Dëse Concert gouf den 23. Abrëll 2026 am Kader vun der "Voice Week" am Escher Conservatoire opgeholl. D'Opnam ass nach bis den 11. November disponibel.