Déi Zweet an déi Aacht vum Beethoven: Béid Sinfonien sti bis haut - zu Onrecht - am Schiet vun de groussen tragesche Beethoven-Sinfonien. Am Februar 2026 stoungen se am Mëttelpunkt: De Philippe Herreweghe huet den Ochestre des Champs Elysées dirigéiert, deen déi zwee Klassiker an engem historesch orientéierte Sound op originalen Instrumenter spillt.
Programm:
Ludwig van Beethoven (1770-1826): Sinfonie Nr.2 a Ré Majeur, Op. 36
Ludwig van Beethoven (1770-1826): Sinfonie Nr.8 a Fa Majeur, Op. 93
Interpreten:
Orchestre des Champs Elysées
Philippe Herreweghe (Dir.)