Dës Mozart-Matinée vun de Salzburger Festspiller féiert duerch e Schlësseljoer am Liewe vum Wolfgang Amadeus Mozart. Kuerz nom Plënneren op Wien huet hien ugefaangen, sech als fräie Pianist a Komponist en Numm ze maachen – an aus där Zäit, nämlech dem Joer 1782, stamen all d'Wierker vun dësem Concert. Nieft dem Pianosconcerto Nr.12 mat sengem beréierende Bezuch op de Johann Christian Bach stinn d'Bléiser-Serenad KV 388 an di berüümt Haffner-Sinfonie um Programm. Gespillt ginn dës Stécker vum Mozarteumorchester Salzburg ënner der Leedung vum Roberto González-Monjas, mam Alexander Melnikov als Solist um Piano. Eng musikalesch Rees tëschent Salzburg a Wien – an duerch ee vun de spannendste Wendepunkten am Mozart sengem Liewen.
Programm:
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791):
- Marsch an Do Majeur, K. 408/1
- Sinfonie-Menuett an Do Majeur, K. 409
- Concerto fir Piano Nr.12 a La Majeur, K. 414
- Serenad Nr.12 an Do Mineur, K. 388
- Sinfonie Nr.35 a Ré Majeur, K. 385 (“Haffner”)
Interpreten:
Alexander Melnikov (Piano)
Mozarteumorchester Salzburg
Roberto González-Monjas (Dir.)