De Sergej Rachmaninow an den Dmitri Schostakowitsch stounge beim Komponéieren ëmmer nees ënner dem Afloss vum russesche Regime - bei deem enge war et dat autokratescht Zarenräich, bei deem aneren de Stalinismus. An awer hunn se allebéid op hir Aart a Weis zwee Meeschterwierker geschaf, déi bis haut reegelméisseg op de Concertsaffiche stinn.
Den Ufank markéiert dem Sergej Rachmaninow säin 3. Pianosconcerto a Ré Mineur, dee wuel leschte virtuose Pianosconcerto aus der Museksgeschicht, deen nach déi spéitromantesch Klangsprooch a sech dréit. Dëst Wierk aus dem Joer 1909 ass an enger Zäit entstanen, déi duerch Onrouen a Protester géint de russeschen Zareregime geriicht waren. Trotzdeem weist dem Rachmaninow säin 3. Pianosconcerto awer och ëmmer nees ee gewëssene Stolz an eng grouss Léift fir säin Heemechtsland op.
Ganz anescht ass dat beim 2. Wierk vun dësem Concertsprogramm, dem Dmitri Schostakowitsch senger 6. Sinfonie. Ënner dem Afloss vum Diktator Stalin sollt et zu grousse Kulturreforme kommen an all Kënschtler, Wëssenschaftler oder aner Intellektuellen, deen sech deem entgéint stellt, riskéiert verhaft, gefoltert oder ermort ze ginn. Ënner dëser stänneger Angscht huet den deemools eréischt 29 Joer ale Schostakowitsch dëst Wierk geschriwwen - eng Sinfonie, déi déi klassesch Formen aus dem 19. Joerhonnert komplett opgëtt an den Horror vun där Zäit musikalesch verbildlecht.
Interpretéiert gëtt dëse Programm vum Francesco Piemontesi um Piano an de Lëtzebuerger Philharmoniker ënner dem Dirigat vum Daniele Rustioni. Dir kënnt dëse Concert nach bis den 21. Oktober 2026 an eiser Opus-Mediathéik nolauschteren.
Programm:
Sergej Rachmaninow (1873-1943): Pianosconcerto No.3 a Ré Mineur, Op. 30
Dmitri Schostakowitsch (1906-1975): Sinfonie No.6 a Si Mineur
Interpreten:
Francesco Piemontesi (Piano)
Lëtzebuerger Philharmoniker
Daniele Rustioni (Dir.)