D'Format "Concert Surprise" vun de Solistes Européens, Luxembourg presentéiert standardméisseg e Concert mat engem bekannte Wierk mat internationale Solisten an engem Iwwerraschungswierk, dat eréischt wärend dem Concert verrode gëtt.
Bei eisem haitege Concert héiere mir de Bridderduo Lucas an Arthur Jussen. Si interpretéieren dem Mendelssohn säi virtuose Concerto fir zwee Pianoen. Virun allem den éischten a leschte Saz si bekannt fir hir immens Schnellegkeet a Liewegkeet.
Eist Iwwerraschungswierk erënnert un Dvořák, gouf awer net vun him geschriwwen.
Programm:
Edward Elgar (1857-1934): Froissard, Op. 19
Felix Mendelssohn-Bartholdy (1809-1847): Concerto a Mi Majeur fir zwee Pianoen
Iwwerraschungswierk
Interpreten:
Lucas Jussen (Piano)
Arthur Jussen (Piano)
Solistes Européens, Luxembourg
Christoph König (Dir.)