Gegrënnt mam Joer 1900 hunn d'Wiener Sinfoniker an hirer leschter Saison 125 erfollegräich Joren als Orchester gefeiert. Mir iwwerdroen e Jubiläumsconcert, deen un déi gréisste Succèsen vun dësem Top-Orchester erënnert - dorënner och Wierker, d'Wiener Sinfoniker uropgefouert haten. Um Programm stinn dem Ravel säi Pianosconcerto fir déi lénk Hand mat der Solistin Anna Vinnitskaya an déi "Sieben frühen Lieder" vum Alban Berg mat der jonker international gefeierter Sopranistin Hanna-Elisabeth Müller. D'Leedung huet de Petr Popelka, Chefdirigent säit der Saison 2024-25.
Dëse Concert gouf den 30. Oktober 2025 opgeholl. De Matschnëtt ass nach bis de 24. November an eiser Mediathéik disponibel.
Programm
Richard Wagner (1813-1883): Eine Faust-Ouvertüre, WWV 59
Maurice Ravel (1875-1937): Concerto fir Piano fir déi lénks Hand a Ré Majeur
Maurice Ravel (1875-1937): Pavane pour une infante défunte
Alban Berg (1885-1935): Sieben frühe Lieder
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Sinfonie Nr.41 an Do Majeur, KV 551 „Jupiter“
Interpreten:
Anna Vinnitskaya (Piano)
Hanna-Elisabeth Müller (Sopran)
Wiener Sinfoniker
Petr Popelka (Dir.)