Europa virum 19. Joerhonnert - eng Zäit an där de Sënn fir dat Schéint an dat Prunkvollt am Mëttelpunkt stoungen. Wéi hunn dës Aflëss aus der Monarchie Komponiste beaflosst? D'Deutsche Radio Philharmonie ënner dem Josep Pons an de Frank Peter Zimmermann op der Gei presentéieren e variéierte Programm mat Komponiste vun deemools an deenen, déi op dës Zäit zeréckblécken.
Um Programm steet beispillsweis ee Komponist, deen sech bewosst géint den Apparat vun der Monarchie gestallt huet: de Ludwig van Beethoven. Fir hien steet de Mënsch als Individuum am Mëttelpunkt, onofhängeg vu senger sozialer Schicht. A sengem Geieconcerto a Ré Majeur setzt hien de Solist ganz kloer an de Mëttelpunkt mat deels ganz virtuose Passagen, déi mat den Orchester-Tutti konkurréieren.
De Jean-Philippe Rameau hëlt eis da mat op de franséischen Haff, wou hien e groussen Afloss op d'Neiausleeung vun der "Tragédie lyrique" hat - dëst matzen an enger Zäit vu Sträit tëscht Traditionalisten a Modernisten.
De Schluss vun dësem Concert markéiert dann en anere franséische Komponist, deen awer vill méi spéit gelieft huet. De Maurice Ravel schreift mat "Le tombeau de Couperin" e Wierk, dat zeréckbléckt op dat franséischt Ierwen aus vergaangenen Zäiten.
Programm:
John Dowland (1563-1626): Lachrimae antiquae, aus 'Lachrimae or seaven tears', Arrangement fir Sträicher
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Geieconcerto a Ré Majeur, Op. 61
Jean-Philippe Rameau (1683-1764): Dardanus-Suite, aus der Tragédie lyrique 'Dardanus'
Maurice Ravel (1875-1937): Le tombeau de Couperin, Versioun fir Orchester vum Komponist
Interpreten:
Frank Peter Zimmermann (Gei)
Deutsche Radio Philharmonie
Josep Pons (Dir.)