“Il Gardellino”, op Lëtzebuergesch “Den Dëschtelfénk”, ass net nëmmen d’Bezeechnung vun deem faarwege Villchen, dee mir reegelméisseg dobausse sangen héieren. Et ass och den Numm vum renomméierte belsche Barockensembel, deen am November 2025 op der 20. Editioun vum Festival fir al Musek zu Bukarest gespillt huet.
Um Programm sti Wierker vu Vivaldi, Telemann an natierlech Bach, mat dacks net nëmmen engem, mee direkt zwee Solisten – also sougenannten "Duebelconcertoen". Traversflütt, Barockgei, Viola da gamba, Cembalo an Hautbois kommen hei a ganz ënnerschiddleche Konstellatiounen zesummen a féieren eis duerch eng ganz divers Pallett u Klangfaarwen. Dat Ganzt natierlech net ouni d’Begleedung duerch e barocken Ensembel, deem seng Besetzung vu 15 bis iwwer 30 Museker reeche kann.
Dir kënnt d’Emissioun nach bis den 18. November hei an der Mediathéik lauschteren.
Programm
Johann Sebastian Bach (1685-1750): Concerto fir Hautbois, Gei, Sträicher a Continuo an Do Mineur, BWV 1060R
Johann Joachim Agrell (1701-1765): Concerto fir Flütt an Cembalo, Op. 4, Nr.2
Johann Friedrich Fasch (1688-1758): Concerto fir Traversflütt, Hautbois a Sträicher
Antonio Vivaldi (1678-1741): Triosonat a Ré Mineur, RV 63 (“La Follia”)
Antonio Vivaldi (1678-1741): Concerto, RV 541
Georg Philipp Telemann (1681-1767): Concerto fir Blockflütt an Traversflütt a Mi mineur, TWV 52:e1
Interpreten:
Ensembel "Il Gardellino"
Solistinnen a Solisten:
Marcel Ponseele (Hautbois)
Joanna Huszcza (Gei)
Jan De Winne (Traversflütt)
Ira Givol (Gambe)
Dimos de Beun (Blockflütt)