Wéi sech virun 20 Joer den Ensembel Voces8 gegrënnt huet, war et déi Entdeckung an der internationaler Chouerzeen. Och wann d’Besetzung antëschent geännert huet, de Klang vum Vokal-Oktett ass nach ëmmer deeselwechten: reng, transparent, ausgeglachen a voller Poesie. Am Concert op Allerhellegen héiert Dir Voces8 mat engem Programm ënner dem Titel “Da pacem“: a-cappella-Gesang vun der Gregorianik bis an d’21. Joerhonnert.
Vun der Gregorianik an d'21. Joerhonnert
play_disabled
Voces8 (Foto: Andy Staples)
mic_none
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes
Episoden
Musek un den europäeschen Häff
Europa virum 19. Joerhonnert - eng Zäit an där de Sënn fir dat Schéint an dat Prunkvollt am Mëttelpunkt stoungen. Wéi hunn dës Aflëss aus der Monarchie Komponiste beaflosst?
Tëschent Kris a Kreativitéit
Rachmaninow a Schostakowitsch: zwee Komponisten am Duerchbroch
Il Gardellino: Concert am Dubbel
De belschen Ensembel "Il Gardellino" spillt um Festival fir al Musek zu Bukarest.
Andreas Mader um Echter' Classic
Mat sengem CD-Release "Alter Ego In Motion" ass de Saxophonist Andreas Mader fir ee ganz besonnescht Concertsformat um Echter'Classic Festival op der Bün.
Feier, Fantasie an Humor: Joseph Moog mam ONJ
Den däitsche Pianist Joseph Moog an den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg spille Wierker vu Rachmaninow, Strawinsky an Hy-Khang Dang.
Beethoven-Sinfonie mam Philippe Herreweghe
De Philippe Herreweghe an den Orchestre des Champs-Élysées interpretéieren dem Beethoven seng manner bekannte Sinfonien am historeschen Originalsound.
D'Jeneba Kanneh-Mason an den George Enescu Philharmonic Orchestra
Si spille Musek vun zwee Komponisten, déi sech un der mënschlecher Stëmm orientéiert hunn: Chopin a Schubert.
Bel Canto: Bellini, Donizetti a Chopin
D'Lëtzebuerger Sopranistin Claudia Galli an de Pianist Grégory Moulin féieren am Kader vun der Voice Week 2026 e Bel Canto-Programm op am Escher Conservatoire.
Andreas Mader um Echter'Classic
Live-Matschnëtt vu sengem Projet "In Motion"
Pastorale - D'Natur an der Musek, deemols an haut
Eng Uropféierung, eng zäitgenëssesch Sinfonie mat Tounband an eng Sinfonie vum Beethoven - allen dräi beschäftegen se sech mat der Natur an hirer Wierkung op de Mënsch.
Romantesch Kläng aus Vilnius
Eng musikalesch Entféierung duerch d’Romantik, mat der Anne Luisa Kramb op der Gei
Carte blanche fir de Francisco Coll
D'Fondatioun Juan March vu Madrid huet dem spuenesche Komponist an Dirigent Francisco Coll Carte blanche gi fir e Concert mat enger Rëtsch Kammermuseksstécker.
"La chasse et la clarinette"
De Quatuor Henri Pensis spillt d'Juegdquartett vum Haydn an d'Klarinettequintett vum Brahms.
D’Jussen-Bridder an een Iwwerraschungswierk
De Lucas an Arthur Jussen interpretéieren dem Mendelssohn säi virtuose Concerto fir zwee Pianoen. Duerno héiere mir een Iwwerraschungswierk, dat un Dvořák erënnert.
Berliner Intonations Festival: Emmanuel Pahud, Martha Argerich a Frënn
Um Programm sti Wierker vum Nikolai Rimski-Korsakow, Sergei Rachmaninow, Robert Schumann, Olivier Messiaen a Claude Debussy.
her:voice – de Komponistinnefestival
D’Essener Philharmoniker spille Wierker vu bekannte weibleche Musekerinnen.
Sechs Mol Bach an zwee Mol Piano
D'Annie Kraus an de Christian von Blohn presentéieren déi sechs Brandenburg-Concertoe vum Bach an enger Versioun fir zwee Pianoen.
Zwee russesch Komponisten am Fokus
Zwee Wierker déi allebéid vum politesche System beaflosst gi sinn: dem Rachmaninow säin 3. Pianosconcerto an dem Schostakowitsch seng 6. Sinfonie.
1782: Ee Joer am Liewe vum Mozart
Salzburger Festspiller: Eng Mozart-Matinée mam Roberto González-Monjas a mam Alexander Melnikov