Wien nach ni e Chouer an enger historescher Krypta héieren huet, dee ka sech freeën dësen eenzegaartege Klang an eisem haitege Concert hei um Opus ze entdecken. Mir héieren d'Maîtrise Sainte-Cécile aus der Kathedral Notre-Dame mat engem Concert aus hirer Serie „Cantemus a capella“. D'Wuert "cantemus" heescht näischt aneres wéi „loosst eis sangen“ – a genau sou maache si et: si sangen an der Krypta ouni instrumental Begleedung. De Repertoire geet iwwer d'Joerhonnerten ewech a verbënnt klassesch Kompositioune mat sakralen zäitgenëssesche Wierker.
Programm:
Josef Rheinberger (1839-1901): Abendlied
Rihards Dubra (1964): Rosa vernans caritatis
Charles Villiers Stanford (1852-1924): Beati quorum via
Arvo Pärt (1935): Da pacem
Jean-Paul Majerus: Maria Mater
György Orban (1947): Ave Maria
László Halmos (1909-1997): Jubilate Deo
Ola Gjeilo (1978): Ubi caritas
Morten Lauridsen (1943): O nata lux
Ola Gjeilo (1978): Northern Lights
László Halmos (1909-1997): Cantate Domino
Carlo Hommel (1953-2006): Erlöste, ersteigen wir singend das Land
Knut Nystedt (1915-2014): Laudate
Felix Mendelssohn (1809-1847): Jauchzet dem Herrn
Traditionell (arr. James E. Moore): An Irish Blessing (Bis)
Interpreten:
Maîtrise Sainte-Cécile
Marc Dostert (Dir.)