Zënter méi wéi 50 Joer beweegt sech de Philippe Herreweghe am Klangkosmos vum Johann Sebastian Bach. De belschen Dirigent léisst Musek aus all Epoch kloer, elegant a lieweg kléngen. Mee vläicht besonnesch dem Bach seng Musek, eleng schonn doduerch, well hien dës zum Deel och zu sengem eegene Liewenswierk gemaach huet.
Dofir war d’Opreegung grouss, wéi hie virun e puer Joer sot, hie wéilt sech elo méi engem anere Repertoire zouwennen. Ëmsou méi besonnesch sinn dofir haut déi Concerten, an deenen de Philippe Herreweghe sech nees dem Bach widmet. An ee vun dëse besonnesche Concerte kritt Dir hei bei eis zerwéiert, mat um Programm Wierker vu Bach a Schubert.
Dëst ass eng Opnam vum 27. Februar zu Frankfurt am Funkhaus, an dee mir vun der EBU zur Verfügung gestallt kruten. An dës Opnam ass nach bis de 04. August 2026 fir Iech disponibel.
Programm:
Johann Sebastian Bach (1685-1750): Orchestral Suite Nr. 2 a Si Mineur, BWV 1067
Johann Sebastian Bach (1685-1750): Mein Herz schwimmt im Blut, BWV 199, cantata
Franz Schubert (1797-1828): Symphony Nr. 8 a Si Mineur, D. 759 “Die Unvollendete”
Interpreten:
Dorothee Mields, Sopran
Sinfonieorchester vum Hessesche Rundfunk
Philippe Herreweghe, Direktioun