Visitt vum Premier

Lëtzebuerg wëllt ënner anerem finanziell Relatioune mat Singapur verdéiwen

Lëtzebuerg a Singapur wëlle sech weider rapprochéieren a méi enk zesummeschaffen - dëst virun allem an de Beräicher Finanzen, KI a Cybersécherheet, esou wéi bei de Satellitten. Dat huet de Premier Luc Frieden nom éischten Dag vu senger offizieller Visitt am südostasiatesche Staat festgehal.

auto_stories

3 min

Luc Frieden (l.) an de President vu Singapur Tharman Shanmugaratnam (r.) | © ME
Luc Frieden (l.) an de President vu Singapur Tharman Shanmugaratnam (r.) (Foto: ME)

Um Programm stoungen ënner anerem Entrevuë mat sengem Homolog Lawrence Wong, esouwéi eng Visitt beim President Tharman Shanmugaratnam.

Nodeems de President vu Singapur zejoert op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg war, a Lëtzebuerg viru Kuerzem eng eegen Ambassade zu Singapur opgemaach huet, ass dës offiziell Visitt elo e weidere Schrëtt fir d’Relatiounen ze intensivéieren.

Singapur a Lëtzebuerg wiere sech änlech

Wéi de Premier Luc Frieden nom éischten Dag vu senger Visitt géintiwwer der Press erkläert huet, wiere Singapur a Lëtzebuerg sech an enger ganzer Rei Punkten änlech: Lëtzebuerg als international oppe Plaz an Europa, och wat d’Finanzdéngschtleeschtungen ugeet, mee net nëmmen. A Singapur wier dat selwecht an Asien. 

"Singapur kuckt op Lëtzebuerg a Singapur fënnt, datt souwuel wat eis Roll an Europa, Lëtzebuerg eng Modellroll huet, well mir eis och fir e staarkt Europa asetzen, wat si och gären hunn. Mee och dat, wat mir am Finanzberäich, am Satellitteberäich, am AI-Beräich maachen, datt dat och fir si Beräicher sinn, déi ganz wichteg sinn a wou si och op Lëtzebuerg kucken."

Prinzippie vum internationale Recht essentiel fir kleng Staaten

Doriwwer eraus hätt een och eng Analys vun der geopolitescher Situatioun gemaach, esou de Luc Frieden. Singapur, grad ewéi Lëtzebuerg, wier staark drun interesséiert, datt een eng reegelbaséiert international Struktur hätt an datt d’Prinzippie vum internationale Recht respektéiert ginn. Dat wier essenziell fir kleng a mëttelgrouss Staaten.

"Mir liewen an enger onstabiller Welt, an enger onprevisibeler Welt, an dofir ass et och fir mech ganz wichteg, datt Lëtzebuerg oppe bleift, mee datt mir net vun engem oder deem aneren ze vill ofhängeg ginn. An enger Welt, déi net wëllt ofhängeg ginn, vun engem oder deem aneren, muss een e breet Feld, e breet Netzwierk vu Länner hunn, vu Partner a Frënn, déi déi nämmlecht international Prinzippien deelen." 

Singapur wier esou eng Plaz, esou den CSV-Premier, an dofir wéilt een och d'Relatioune mam Land verdéiwen.

Finanzsecteur steet am Mëttelpunkt

Konkreet hätt een um bilateralen Niveau decidéiert, d’Kooperatioun am Finanzsecteur ze verdéiwen. An deenen nächste Woche reest dofir och eng Finanzmissioun vu Lëtzebuerg op Singapur.

Méi enk zesummeschaffe wéilt een awer och zum Beispill an de Beräicher KI a Cybersécherheet. Ganz wichteg wier awer eeben och de Satellitteberäich.

"Mir hunn d'Ambitioun fir de Satellitteberäich nach méi auszebauen, och am Beräich vun der Defense. Singapur kuckt op Lëtzebuerg am Satellitteberäich, wat mir alles erreecht hu schonn, an dat ass wichteg fir eis och mat aneren, zesummen, elo ze kucken, wéi mir d'Connexioun - si an Asien, mir an Europa - verstäerke kënnen."

E weideren Haaptprogrammpunkt um Luc Frieden senger Rees op Singapur wäert muer säin Optrëtt beim sougenannten “Singapur Lecture” sinn, eng renomméiert Plattform, déi internationale Staatsgäscht virbehalen ass. 

Dem Premierminister säin Discours wäert ënner dem Titel "Autonomy with Purpose: Europe in a Shifting World" stoen a behandelt dem Premier seng Visioun vun Europa am komplizéierte geopoliteschen an ekonomesche Kontext.

Direkt Flich op Singapur wäerten et wuel net ginn

Eng méiglech direkt Flugverbindung tëschent Lëtzebuerg a Singapur wier iwwerdeems net Objet vun de Gespréicher gewiescht, esou nach de Luc Frieden op Nofro hin – dat géif ee wéinst der grousser Distanz an enger wuel ze vill gerénger Nofro als schwiereg ugesinn.