Säin Haaptmessage an där Ried war: An Zäite vu geopoliteschen Onsécherheete misst Europa op seng Stäerkten a Valeure setze fir säin eegene Wee ze goen a manner ofhängeg vun de grousse Muechte wéi den USA a China ginn.
Vill Gemeinsamkeete mat Singapur
Dat besonnesch an de Beräicher Verdeedegung, Energie a Kënschtlech Intelligenz. Lëtzebuerg hätt villes mat Singapur gemeinsam, esou de Lëtzebuerger Premier.
Als kleng Länner wiere si engersäits vulnerabel an enger Welt, wou nees d‘Muecht vum Stäerksten, an net méi den internationale Rechtssystem dominéiert. Mee och kleng Länner kéinten eng wichteg Roll als Vermëttler spillen an hir eegen Zukunft bestëmmen, esou de Luc Frieden.
Satellitte spille grouss Roll bei der Relatioun vun de Länner
Den Owend wäert de Premier e regionale Büro vum Satelittebedreiwer SES aweien. D'Satellitte wieren – nieft Finanzen, Kënschtlecher Intelligenz a Cybersécherheet – en drëtte groussen Interessi, dee béid Länner deelen, esou de Luc Frieden.