Der Denkfabrick IDEA no geet déi aktuell Logementspolitik net wäit genuch. Den Ekonomist Michel-Edouard Ruben nennt de Manktem u abordabele Wunnraum eng komplex Permakris, déi schonns säit knapp 100 Joer besteet.
“Je ne vais pas dire 'résoudre le problème' parce que ce serait quand même trop audacieux. Mais ses vertus à améliorer les choses, adoucir les difficultés en présence. Et je tiens à le dire parce que il faut le dire, il y a une politique du logement très active."
De Michel-Edouard Ruben erkennt an dëser ganz aktiver Logementspolitik dräi Approchen déi de Staat verfollegt. D'Regierung probéiert esouwuel steierlech Virdeeler fir Keefer a wéi och fir d’Verkeefer ze schafen. Den drëtte Schwéierpunkt der Politik wier et, administrativ Prozedure beim Bau a Kaf ze vereinfachen.
Aktuell Mesuren net effikass genuch
Des Approchë wiere grondsätzlech net schlecht, mee se wieren awer och net besonnesch effektiv a géifen un hir Limitte stoussen.
Eng 10.000 Mënsche géinge beispillsweis den Ament op eng staatlech subventionéiert Wunneng waarden.
"D'un côté vous avez 9.500 personnes qui attendent. Et de l'autre, vous avez 277 unités supplémentaires."
D’Offer vu Wunnengen hei am Land wier zënter engem Joer stabil, an awer ob engem ganz nidderegen Niveau, esou de Michel-Edouard Ruben. Dofir proposéiert hien dräi grouss, nei Pilieren an der Logementspolitik déi kéinte verfollegt ginn.
Des Ziler envisagéieren ënner anerem, Gemengen ze responsabiliséiere méi Wunnfläch ze schafen.
Eng nei Logements-Cotisatioun?
Och de klassesche Model vum Lounen a Kafe sollt ëmgeduecht ginn, zum Beispill duerch nei, hybrid Proprietéitsverhältnisser, wéi beispillsweis enger Zort Leasing.
Fir méi abordabele Wunnraum ze schafen, misst awer och mei investéiert ginn. Fir dat Zil ëmzesetzen, proposéiert de Michel-Edouard Ruben ënner anerem d’Aféierung vun enger neier Lounsteier, déi fir de Wunnengsbau benotzt gëtt.
"Ce qui est suggéré, c'est de créer une cotisation logement. Qui pourrait servir une mutualité de production, d'acquisition de logements qui seraient à être mises en location à des salariés."
Och d’Expropriéiere vu Wunnengen déi laangfristeg eidel stinn, fënnt den Ekonomist vun IDEA sënnvoll. IDEA wëllt dës Proposen an déi bestoend Logementsdebatte mat abréngen.