Beamte sinn un déi staatlech-kommunal festgeluechten Tariffer gebonnen, an déi kéinte vun de Gemengen net geännert ginn. Par contre kéinten d‘Salariéen däitlech besser Konditioune kréien, iwwer hir Kollektivverträg.
Deemno kéinte Leit, déi op der selwechter Gemeng schaffen an déi selwecht Permanence leeschten, ënnerschiddlech dofir bezuelt ginn, esou d‘Gewerkschaft vum Gemengepersonal, déi déi selwecht Reegele fir jidderee fuerdert.