Enquête Luxmobil

Ëffentlechen Transport a Vëlo gewannen u Beléiftheet - Am Contraire zum Auto

D'Enquête Luxmobil 2025 huet dat nationaalt Mobilitéitsverhalen ënner der Woch ënnersicht. 9.000 Residenten a Frontalieren hunn dobäi matgemaach. Den Ënnerscheed tëschent de Perceptiounen ass grouss.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Ella Malano play_arrow
(Foto: Ella Malano)

Zënter 2017 ginn et 90.000 Awunner:innen a 50.000 Frontaliere méi zu Lëtzebuerg. Op de Stroossen gesäit een, datt d’lescht Joer insgesamt 14 Prozent méi Leit ënnerwee ware wéi 2017.

Leit sichen no Alternativen

De Julien Schiebel vum Mobilitéitsministère bemierkt eng Entwécklung beim Mobilitéitsverhalen.

"Le report modal évolue dans le sens souhaité vers les modes alternatifs à la voiture. Les transports en commun, le vélo et le covoiturage progresse plus vite dans leur usage en proportion que la conduite voiture seule, par exemple."

Fir d’DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes ass dës Entwécklung en Zeechen, datt d’Leit méi no Alternativen zum Auto kucken.

"D'Conclusioun fir mech ass, datt mir hei wierklech och den Invest missen héichhalen. Wat mir méi Alternativen de Leit kënne proposéieren, zum just am Stau sëtzen, wat d'Leit och op den ëffentlechen Transport zum Beispill och iwwerginn." 

Residentë brauchen am Duerchschnëtt 104 Minutten

Am Duerchschnëtt brauchen d’Residenten an d’Frontalieren 116 Minutte pro Dag fir hir Deplacementer – egal op fir d’Aarbecht oder Fräizäit. Déi längsten Deplacementer hunn d’Frontalieren aus der Belsch mat 139 Minutten. Fir d’Residentë sinn et duerchschnëttlech just 104 Minutten.

Bei der Enquête gouf iwwerdeems eraus, datt véier vu fënnef Residenten zefridde mat hirem Aarbechtstrajet sinn. Dat sinn 30% méi, déi zefridde sinn, wéi bei de Frontalieren. 

Dës Etüd soll och eng Hëllef si fir d’Opstelle vum Nationale Mobilitéitsplang bis 2040, dee Mëtt nächst Joer presentéiert gëtt. Dobäi wéilt een de Leit kënnen esou vill wéi méiglech Alternative bidden. 

"Dat ass net nëmmen Investement an den ëffentlechen Transport, dat sinn och Investissementer an eis Stroossen. Wou mer och op Multimodalitéit wëlle setzen a wat mer jo och maachen."

D’Yuriko Backes erkläert an deem Sënn den Notze vun der neier Ëmfro.

"Déi Granularitéit, déi mir hei fannen, ass dat wat mir brauchen, fir ze kucken, wéi stelle mir eis op iwwer déi nächst Joren. Wou musse mer dran investéieren. Dat ass d'Basis an dat ass wat hei fir eis utile ass."

 Ee Resultat, dat d’Yuriko Backes iwwerrascht huet ass, datt Dräivéirel vun den Deplacementer baussent dem Aarbechtskontext gemaach ginn.

Lauschterenplay_arrow