Am Beräich Weltall hunn Indien a Lëtzebuerg e sougenannte Memorandum of Understanding ënnerschriwwen. Dee soll gemeinsam Rollen an Ziler festhalen, ass awer kee formelle Kontrakt. Iwwerdeems gouf zu Chennai deen neie Campus vum Satellittebedreiwer SES ageweit.
Weltall ass haut och Sujet zu Paräis
Zu Paräis ass haut a muer en internationale Weltall-Sommet mat Vertrieder aus ronn 120 Länner – dorënner Lëtzebuerg – a ville privaten Entreprisen. De franséische President Emmanuel Macron sot, de Sommet soll hëllefen, Europa méi kompetitiv an der globaler Weltallwirtschaft ze maachen.
"Ze europäesch": Space X a Blue Origin net dobäi
Net dobäi sinn awer d'Co-Presidenten – den däitsche Kanzler Friedrich Merz an déi italieenesch Premier Ministerin Giorgia Meloni.
An déi amerikanesch Space-Firme Space X vum Elon Musk a Blue Origin vum Jeff Bezos sinn och net dobäi. Si hunn ofgesot nodeem d‘Wäisst Haus sot, den Agenda vum Sommet zu Paräis wier ze vill europäesch.