Mobilitéit

Wéinst Etüden: De geplangte Pôle d‘échange um Héienhaff um Findel huet Retard

Den Tramsarrêt an de P&R um Héienhaff sinn zënter leschtem Fréijoer, wéi geplangt, op. Déi 14 Quaie vun der Busgare sinn awer nach net op. Et wier Retard ginn, well do zousäzlech Etüden hätte misste gemaach ginn, wéi déi Quaien am Beschte fir d‘Passagéier amenagéiert solle ginn.

auto_stories

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Ënner anerem wéi d‘Iwwerdiecher amenagéiert solle ginn, oder och, wat d‘Gebréngung ugeet, äntwert d'DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vun deene Gréngen. Déi nei Busgare soll awer elo etappeweis vun Dezember un, opgoen. 

Am Dezember solle fir d‘éischt dräi Quaien op der Säit wou och den Tram hält, opgoen. Do sollen dann d‘RGTRs-Linnen ukommen, déi iwwer d‘A1 aus dem Oste vum Land kommen. Déi hätten dann och do hiren Terminus.