Klima

Klimakollektiv vermësst ambitionnéiert Moossnamen am Kampf géint de Klimawandel

Mat Hëllef vun engem Theaterstéck huet e Grupp vu Klima-Aktiviste sech e Sonndeg virun der Chamber fir eng méi streng Klimaschutzpolitik engagéiert. Dëse Summer hätt een d'Klimakris däitlech gespuert, mee et hätt keng Reaktioun vun der Politik ginn, esou d'Vertrieder:inne vum Klimakollektiv.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Markus Scholz play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa | Markus Scholz)

Direkt virun der Entrée vun der Chamber stoungen e puer Still an Dëscher op deenen op Kartrongen d’Nimm vun de Parteien drop stinn. Den Titel vum Theaterstéck war: Mir musse just nach waarden. Dobäi hat de Klimakollektiv sech um Samuel Beckett sengem Theaterstéck “En attendant Godot” inspiréiert, erkläert d'Moderatorin Karin.

"An deem Theaterstéck ass et ëm eng Journalistin gaangen, déi eng Table ronde misst moderéieren, a si waart a waart a kee kënnt."

Am Fall vum Theaterstéck virun der Chamber wier mat "keen" d'Politiker gemengt, déi invitéiert waren. Wärend dem Waarde ginn am Stéck all d’Suergen ëm de Klimawandel opgelëscht, grad ewéi d’Fuerderungen. 

Hoffnung op Schnéi zu Lëtzebuerg

Dëse Summer hätt een d'Klimakris däitlech gespuert, esou d’Nathalie Schroeder vum Klimakollektiv. Dofir hätten d'Aktiviste méi aktiv Reaktioune vun der Politik erwaart.

Elo, kuerz virun der Rentrée, wéilt een nach eng Kéier kloer soen, datt bis zu den nächste Walen 2028 méi Mesurë fir de Schutz vum Klima missten ergraff ginn. 

"Mir erwaarden eis ambitiéis Mesuren, déi eis erlaben, weiderhin eis Klimaziler anzehalen, fir eist Liewen am Summer ze erliichteren. Datt mir erëm Schnéi kënnen hunn hei zu Lëtzebuerg."

Wärend der Opféierung vum Theaterstéck huet et e bësse gereent. Eng 50 Persounen, virun allem Jonker, souze fir nozekucken ënner enger Baatsch. 

Weider Aktioune geplangt

D’Zil vun der Aktioun war et, d’Allgemengheet ze sensibiliséieren. D’Klimakris soll net vergiess ginn, ënnersträicht d’Nathalie Schroeder. Ëmmerhi wier d'Klimakris u ville weidere Krise Schold, déi een hautdesdaags géif gesinn. 

"An dat ass eis Perspektiv dorobber an dat beinhalt et dann eeben och, datt ee sech gläichzäiteg mat verschiddene Krisen auserneesetze kann."

An den nächste Woche wëllt de Klimakollektiv weider informéieren a gläichzäiteg Drock op d’Politik maachen. Et misst ee sech op de Klimawandel virbereeden a gläichzäiteg alles maache fir de Klimaschutz virun ze dreiwen.

Lauschterenplay_arrow