Contraire zu deem, wat den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes am 100,7-Interview gesot huet, bräicht ee keen neie Klimaschutzplang, mee et bräicht een een anere Gang, mat enger Acceleratioun vun de Moossnamen, esou déi gréng.
"Schluss mat verstoppte Subventioune vu fossillen Energien"
Fir déi Moossnamen ze finanzéiere misst een een Deel vun de Profitter vun den "Fossill-Energie-Multinationallen" huelen an déi fir europäesch an national Klimatransitiounsfongen notzen, esou den Deputéierte Meris Šehović.
"Datt ab dem Budget 2027 keen Euro Steiergeld méi soll an eng fossil Sakgaass goen. Dat heescht: Schluss mat verstoppte Subventioune vu fossillen Energien. A mir mussen d'Klimapolitik och méi accessibel maachen, an dat bedeit konkreet, datt mir och d'Locatairë wëlle méi zu Acteure maache vun der Klimatransitioun."
Dat iwwer Programmer wéi Balcon-PV zum Beispill, esou nach de Meris Šehović. Et misst een awer och Hürde fir Locatairen ofbauen, wa si bei sech doheem eppes a puncto Energie maache wéilten.
Technesch Léisunge ginn net duer
Et géif net duergoen technesch Léisungen ze ginn, och den Ëmweltschutz géif eng wichteg Roll spillen, seet déi gréng Nach-Deputéiert Joëlle Welfring.
"Well wat hu mer vun engem elektresche Fuerpark op engem ëmmer méi betonéierte Planéit? Dofir musse mer gläichzäiteg déi natierlech Systemer schützen, déi eis virun der Klimakris an hiren Auswierkunge schützen. Et geet konkreet ëm gesond Bëscher, ëm lieweg Biedem, ëm fiicht Gebidder, an intakt Ökosystemer."
Déi géife Kuelestoff a Waasser späicheren, d'Uertschaften ofkillen a géint Iwwerschwemmunge schützen, esou d'Joëlle Welfring.