Landwirtschaft

Bauer hätt säi Beschtméiglecht gemaach: Landwirtschaftskammer begréisst nei Hëllefen

De President vun der Landwirtschaftskammer Christian Hahn begréisst d’Hëllefen fir d’Landwirtschaft nodeems d’Dréchent vun de leschte Méint als Force Majeure agestuuft gouf.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Gerd Harder play_arrow
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Gerd Harder)

Duerch déi aussergewéinlech Wiederconditiounen sinn d’Recolten méi kleng, d’Fudder méi knapp an d’Ausséien vun de Summer- a Wanterkulturen méi schwéier ginn. Dowéinst huet sech d’CSV-Landwirtschaftsministesch Martine Hansen dozou entschloss, der Lëtzebuerger Landwirtschaft mat enger Rei Moossnamen ënnert d’Äerm ze gräifen.

Am Fall vun enger force majeure gi Baueren a Wënzer, déi hir Verpflichtunge wéinst den aussergewéinleche Wiederconditiounen net erfëlle konnten, obwuel si selwer alles richteg gemaach hunn, net mat Sanktioune bestrooft.

De Bauer soll net bestrooft ginn 

Eng EU-Richtlinn seet nämlech, datt virum Oktober op 80 Prozent vun de Felder Kulture musse geséit sinn. Dat wier wéinst der Dréchent net ëmmer méiglech, erkläert de President vun der Landwirtschaftskammer, de Christian Hahn.

"Wann déi awer elo duerch d'Dréchent net konnte kéngen, oder déi si geséint ginn, déi sinn net gekéngt oder si just gekéngt a sinn du verdréchent, datt een dann net higeet a seet, mir bestrofe lo de Bauer an en huet jo säi Beschtméiglechst gemaach. Well et net gewuess ass, kann de Bauer net derfir."

Och beim Amenagement vum Dauergréngland gëtt et eng Upassung. Dëst si Flächen, déi net fir d’Seeë vu Kulture virgesi sinn, mee fir d’Weede vun de Béischte, fir Grassiloen oder d’Schafe vun Hee.

Wann et reent, gëtt nei ugeséint

Am Normalfall dierfte just zéng Prozent vun där Fläch op Ufro fir ee Joer fir Kulture genotzt ginn. Elo dierf een awer méi wéi zéng Prozent mat Grasland uséinen.

"Duerch d’Dréchent si jo och vill Grasnarben awer beschiedegt ginn. An do sinn awer elo Leit, déi soen, okay, wann esoubal lo e bësse reent, da wëlle mer dat awer nei uséinen, datt mer d'nächst Joer erëm proppert Grasland hunn. Da muss ee sech net méi un déi zéng Prozent halen."

Dës Upassung gëllt awer just fir Grasland, fir Notzkulturen wéi Weess oder Mais muss ee bei den zéng Prozent bleiwen. Och beim Amenagement an dem Fiddere vun de Béischte gëtt de Bauere méi Spillraum erlaabt.

Béischten op grénge Wise kann zu Problemer féieren 

Fir d’Weedeland, dat vill ënner der Hëtzt gelidden huet ze schounen, dierfen d’Baueren se méi laang am Stall fidderen. De Christian Hahn erkläert, datt d'Béischte géifen ufänken ze friessen, wann et bis gréng gëtt. 

"Wat awer e Problem och kann duerstellen, zumools elo, wou et grad nei opwuesst, datt awer deelweis erëm ze vill vertrëppelt, oder direkt ewechgebass gëtt an dat ass och net gutt fir d'Grasnarb."

Ausserdeem gëllt fir d’Biolandwirtschaft, dass am Fall vun enger Fudderknappheet och d’Fiddere mat konventionellem Fudder erlaabt ass.

Lauschterenplay_arrow