Santé

Canicule: Dëse Summer wiere ronn 20 Leit d'Woch méi gestuerwe wéi soss

Wéinst den extrem héijen Temperature wier d'Stierflechkeet virop bei der Altersgrupp iwwer 75 Joer dëse Summer méi héich gewiescht, wéi an der Moyenne, sot den Direkter vun der Santé. Mënsche steiwen net vun Hëtzt, mee duerch déi zousätzlech Belaaschtung déi dës fir de Kierper duerstellt.

auto_stories

3 min

headphones

13 min

Dr. Jean-Claude Schmit | © 100,7 play_arrow
Dr. Jean-Claude Schmit (Foto: 100,7)

Dem Jean-Claude Schmit no wier et wichteg de Plan Canicule méi breet ze denken. Natierlech wiere virop eeler Leit, déi eleng wunnen, engem héije Risiko op extrem waarmen Deeg ausgesat. Dat, well si eventuell Virerkrankungen hunn an duerch den Alter och méi vulnerabel sinn.

U wat d’Léit genau gestuerwe sinn, kéint d'Gesondheetsautoritéit net onbedéngt ermëttelen, ënner anerem wéinst Dateschutz, a well hinnen net all d’Donnéeën zur Verfügung stinn.  

“Mir probéieren esou Analysen ze maachen. Dat ass awer schwéier, well mer net onbedéngt alleguerten Donnéeën hunn.”

Méi wéi d’Hallschent vun den hëtztbedéngten Doudesfäll waren an de Klinicken an Altersheemer. Dat wier dorop zeréckzeféieren, datt Leit, deenen et net méi sou gutt geet, dohi géife bruecht ginn.

"D'Leit soen ëmmer kaaft eng Klimaanlag, mee esou einfach ass et net"

Wat d’Kritik ugeet, datt d'Klinicken an d'Altersheemer net richteg ekipéiert wiere fir hir Patiente virun der Hëtzt ze schützen, seet de Jean-Claude Schmit, datt et hei och technesch Contraintë ginn.

"Do muss ee kucken, wat kann een änneren. Et ass nämlech technesch net esou einfach. D'Leit soen, mir kaaft eng Klimaanlag, mee esou einfach ass et net. Et sinn Ingenieursbüroen, déi duerno kucken, wéi se dat kënnen adaptéieren."

D’Klima-Adaptatioun géif an neie Gebaier scho matgeduecht ginn.

"Wat mer aus dëser Krise geleiert hunn"

Dës Canicule hätt och gewisen, datt och aner Alters- a sozial Gruppe betraff sinn an zousätzlech Hëllef brauchen.

"De Plang, deen ass iwwer d'Jore reegelméisseg aktualiséiert ginn. Mir sinn natierlech elo an enger ganz neier Situatioun." 

Ugefaange mat de Schoulen a Crèchen. Do wier och e grousse Besoin constatéiert ginn.

Datt den Educatiounsministère bis elo keng eenheetlech Reegel opgestallt huet, vu wéini u Schüler:innen beispillsweis hëtztfräi kréien, kann de Jean-Claude Schmit deelweis verstoen.

Den Educatiounsministère hat argumentéiert, datt d’Schoulgebaier ganz ënnerschiddlech wieren an dofir bräicht een och verschidde Solutiounen.

Dëst hätt bei den Elteren a Schüler:innen awer och fir vill Onsécherheet gesuergt, kritiséiert den Direkter vun der Santé.

Gesetzer si gutt mee et muss och um Terrain  kontrolléiert ginn 

Dëse Summer hätt och nach eemol gewisen, datt d’Aarbechter:innen, déi de ganzen Dag der Sonn ausgesat sinn, missten an de Plan Canicule opgeholl ginn.

Den Ament ass de Patron an der Responsabilitéit, an enger Hëtztwell déi néideg Precautiounen ze treffen, fir seng Aarbechter:innen akkurat ze schützen. Dat wier och zum Deel geschitt, seet de Jean-Claude Schmit. 

"Ech weess, datt eng ganz Rei Patronen do flexibel waren, esouwuel a puncto Aarbechtszäite wéi och hiren Aarbechter Waasser zur Verfügung gestallt hunn an a Pausen erlaabt hunn. Mee et muss een awer trotzdeem kucken: Gëtt dat wierklech iwwergräifend richteg ëmgesat."

Et wier och “schéin” wann een e Gesetz huet, wat virschreift, u wat de Patron sech hale muss. Natierlech misst dann awer och um Terrain kontrolléiert ginn, datt dat och agehale gëtt. 

Fir den Direkter vun der Santé ass de Plan Canicule op alle Fall eng national Ugeleeënheet. All d’Ministèrë missten sech hei och abréngen.

“Den HCPN huet hei ee Rôle ze spillen, fir d'Koordinatioun vun deene Saachen ze maachen an déi eenzel Ministèren hunn hiert Kapitel ze schreiwen, fir de Plang. Dat ass ganz kloer. Mee fir mech ass et e nationale Plang.”

Elo hätt ee hoffentlech e puer Méint Zäit bis déi nächst Hëtztwell, fir sech uerdentlech ze preparéieren. 

Lauschterenplay_arrow