No Bëschbränn an Europa

Wéi gutt wier Lëtzebuerg op den Eeschtfall vun engem gréissere Bëschbrand virbereet?

Déi rezent Bëschbränn am Héije Venn, der Äifel oder och am Saarland hu gewisen, datt d’Gefor sech net méi just op déi südlech Länner beschränkt, mee och virun der eegener Hausdier kënne virkommen.

auto_stories

6 min

headphones

5 min

© Chris Meisch play_arrow
(Foto: Chris Meisch)

Besonnesch de Brand am Héije Venn huet gewisen, wéi séier sech esou e Vegetatiounsbrand ausbreede kann, a wéi vill Noutdéngschter a Material bei esou engem Asaz gebraucht ginn. Natierlech bereet sech och de CGDIS zu Lëtzebuerg op esou Zenarie vir. Dat ënner anerem mat spezielle Pompjeescamionen, vill Waasser, Dronen an engem Läschroboter.

E Läschroboter wéi eng Schnéimaschinn

Ronn véier Tonne schwéier, op breede Ketten a mat enger grousser wäisser Waasserkanoun uewendrop: De ferngesteierte Läschroboter vum CGDIS erënnert bal un eng grouss Schnéimaschinn. Eréischt virun e puer Deeg war en am Saarland am Asaz.

© Chris Meisch
(Foto: Chris Meisch)

Zu Illingen gouf bei engem grousse Bëschbrand am Buedem nach Munitioun aus dem Krich vermutt – ze geféierlech, fir do Pompjeeën hin ze schécken. Genee do kënnt de Roboter an d'Spill, wéi den Tom Barnig, Direkter vun der Direction de la Coordination Opérationnelle beim CGDIS, déi sech drëms këmmert, wéi d'Asätz organiséiert a koordinéiert ginn, erkläert.

"Sief dat engersäits well d'Plaz ze geféierlech ass, fir eng Persoun dohinner ze schécken – duerch d'Hëtzt, duerch en Explosiounsrisiko oder well d'Accessibilitéit net gutt ass. Do kann ech mam Roboter bäifueren, ouni eng Persoun a Gefor ze bréngen." 

De Roboter kann dobäi grouss Quantitéite Waasser iwwer gréisser Distanz op d'Feier bréngen. Mat sengem grousse Gebléis kann en d’Waasser als Niwwel verdeelen an zum Beispill och benotzt ginn, fir Damp aus engem Parkhaus erauszedrécken.

De Läschroboter kënnt awer net bei all Brand an den Asaz. Dacks sinn et klassesch Pompjeesgefierer, déi als éischt op den Terrain fueren.

Bis zu 4.000 Liter Waasser am Unimog

E roude Pompjeescamion mat grousse, breede Pneuen an engem Waassertank hannen drop rullt aus der Kasär eraus. Den Unimog ass esou gebaut, datt en och do virukënnt, wou en normale Pompjeescamion net méi hikënnt. Jee no Modell hunn esou Gefierer tëschent 2.000 a 4.000 Liter Waasser u Bord. 15 dovu stinn aktuell beim CGDIS zur Verfügung. Déi meescht sinn awer schonn 20 bis 30 Joer al a sollen an den nächste Joren ersat ginn. 

"Dobäi hu mir nach grouss Gefierer fir Waasser ze bréngen, déi bis zu 10.000 Liter pro Camion kënne bréngen. Zousätzlech dozou hu mir spezialiséiert Moyenen, wéi zum Beispill Pick-Upen, déi an den Terrain kënnen erafueren, geländegängeg Logistikween, wann ee Material iergendwou muss hi bréngen."

Wéi séier esou Material gebraucht ka ginn, huet de Brand am Héije Venn gewisen. E Feier vun där Gréisst wier hei am Land zwar manner warscheinlech, seet den Tom Barnig.

Lëtzebuerger Bëscher a Felder sinn duerch vill Stroossen a Weeër ënnerbrach. Onméiglech ass e gréissere Brand awer net. An esou ee Feier wier onberechenbar, seet den Tom Barnig. 

"Mam Wand, mat den Temperaturen, mat der Topografie leeft d'Feier souzesoe fort. Deelweis mat Vitesse vun Honnerte Meter bis Kilometer an der Stonn. Dat ass eng vun deene gréissten Erausfuerderungen, fir dat gutt anzeschätzen, ze antizipéieren: Wou geet mäi Feier hin?"

D'Zil an esou engem Zenario wier, esou séier wéi méiglech genuch Pompjeeën, a passend Gefierer mat vill Waasser op d'Plaz ze kréien, erkläert den Tom Barnig.

Camionen wéi eng mobill Schwämm

Dobäi geet et awer net nëmmen drëm, genuch Waasser dobäi ze hunn. Et muss och permanent Waasser nogeliwwert ginn. Ass keng direkt Waasserquell an der Géigend, gëtt d’Waasserversuergung séier zu enger eegener logistescher Aufgab.

"Dat eent ass, wat mer eng Noria nennen. Dat heescht, mir hu Camionen, déi e groussen Tank hunn, an déi fueren dauernd am Krees. Déi gi Waasser tanken, bréngen et op d'Asazplaz a loossen et do a grouss Basengen of – dat kann een sech esou virstelle wéi eng mobil Schwämm."

Bei engem gréissere Brand kann dobäi och op Hëllef vu baussen zeréckgegraff ginn. Genee wéi beim Brand am Héije Venn, kënnen zum Beispill och Bauere mat hiren Tankween Waasser op d'Asazplaz bréngen, erkläert den Tom Barnig. 

© Chris Meisch
(Foto: Chris Meisch)

Den 112 duerch eng aner Cellule entlaaschten

Fierschter a Bëschaarbechter géife mat hirer Kenntnis vum Terrain a bei Aarbechten direkt am Bësch hëllefe. Geet den Asaz iwwer Stonnen oder Deeg, missten zousätzlech Pompjeeën als Relève mobiliséiert ginn. Wann den Asaz esou grouss a komplex gëtt, datt den 112 en net méi eleng koordinéiere kann, kënnt de Centre de gestion des opérations dobäi.

"Dat ass am Fong wéi eng intern Krisecellule, déi nieft dem 112 fonctionéiert. Déi Leit ginn erageruff, hei an de CNIS, an aktivéieren de Sall, d'Computeren, d'Kaartematerial an iwwerhuelen dee Moment de Suivi vum Asaz, sou datt den 112 sech ëm d'Alldagsgeschäft ka këmmeren."

Wéi grouss esou en Asaz ka ginn, hunn och Lëtzebuerger Pompjeeë viru kuerzem am Héije Venn erlieft.

"Déi Intensitéit vun deem Feier, mee och déi Envergure, déi Distanzen, déi een do muss zeréckleeën, d'Kooperatioun tëschent esou villen Acteuren. Fir eis ass dat interessant, déi Retoure vun de Leit, datt si déi Erfarung an der Praxis kréien: Wat heescht dat, op esou engem Terrain ze schaffen? A gläichzäiteg doduerch och eis eege Prozeduren ze hannerfroen." 

Formatioun als Prioritéit vun den nächste Joren

An ee Punkt, bei deem de CGDIS nach méi wëll maachen, ass d'Formatioun. Eng méi spezialiséiert Ausbildung fir Vegetatiounsbränn gëtt aktuell ausgeschafft. 

"Ech mengen, et steet a fält mat de Leit, déi am Camion sëtzen, déi um Terrain schaffen. Déi kënnen dat beschte Material hunn. Mee et ass eben d'Formatioun, déi extrem wichteg ass. An dat ass fir eis eng grouss Prioritéit fir déi nächst Joren."

An och bei der Brandbekämpfung aus der Loft kéint sech nach eppes doen: Am September kommen den Inneministère, de CGDIS an d'Air Rescue zesummen. Dobäi soll gekuckt ginn, wéi d'Zesummenaarbecht bei Bëschbränn verbessert ka ginn a wéi Helikopteren an Zukunft sënnvoll an esou Asätz agebonne kéinte ginn.

Lauschterenplay_arrow