Studiebourse

Vun dëser Rentrée u klëmmt d'Studiebäihëllef an awer gëtt et Kritik

Vun dëser Rentrée un gëtt am Fall vun enger Indextranche och d'Studiebäihëllef pro Semester ugepasst. Bis ewell ass d'Bourse just eemol pro Joer un d'Inflatioun ugepasst ginn. Och kréien Studenten elo eng Erfollegs-Primm vun 250 Euro pro Ofschloss. Mee et gëtt Kritik.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt play_arrow
(Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt)

D’Nathalie Georges, Conseillère bei der Chambre des Salariés, kritiséiert, datt dës Reform net wäit genuch géing goen. Et wier zwar gutt, datt d’Mobilitéitsbourse, déi ee kritt wann een am Ausland studéiert, ëm 240 Euro erop gesat gëtt. Mee Studenten déi e wäite Wee fir op d’Uni zeréckleeën ouni eng international Grenz ze depasséieren, géife weiderhi benodeelegt ginn.

Frontalierskanner a Leit aus dem Norden negativ betraff

Si kréien nämlech och no der Reform weiderhi keng Mobilitéitsbourse wéi Studenten, déi am Ausland studéieren, seet d'Nathalie Georges vun der Chambre des Salariés. 

"Les enfants frontaliers ne vont pas étudier à l'étranger, parce que leur territoire est plus grand. Si vous habitez en France, souvent vous allez en France, si vous habitez en Belgique, souvent vous allez étudier en Belgique. Et ça, c'est un gros problème pour la Chambre des Salariés."

Et géif sech dobäi ëm eng Diskriminatioun handelen, souwuel par rapport zu de Kanner vu Frontalieren, mee och géintiwwer Leit aus dem Norden. 

"Il y a aussi des étudiants qui habitent dans le nord de Luxembourg, qui vont étudier à l'Université à Esch, avec les transports en commun, ça leur prend quatres heures. Et eux ne peuvent pas non plus bénéficier de la Bourse Mobilité, alors que peut-être ça justifierait qu'ils habitent quand même tout près de l'Université."

Eng besser Approche wier der CSL no eng zousätzlech Bourse, déi op d’Distanz vum Student senger Wunneng zu der Uni berechent gëtt, esou d’Nathalie Georges.

ACEL weist sech méi zefridden

Et wier awer gutt, datt d’Studiebäihëllef reforméiert gouf, och wann et sech net ëm déi grouss Reform géif handelen, wéi d’Regierung se géif duerstellen.

Dës hat am Koalitiounsaccord ugekënnegt, reegelméisseg d’Bourse un d’Besoine vun de Studenten unzepassen. D’Studentevertriedung ACEL weist sech mat der Reform vun der Studiebäihëllef a mat dem Echange mam Héichschoulministère zefridden, seet den Teo Schroeder, Comitésmember vun der ACEL.

"Mir goufen do vu vir eran an d'Boot geholl, fir mam Ministère dat zesummen ze kucken. An och vu vir era goufe mir gefrot, wat dann eis Fuerderunge sinn."

D’Erhéijung vun der Mobilitéitsbourse war eng vun de Fuerderunge vun der ACEL, déi an der Reform ëmgesat goufen. D'Studiebäihëllef misst awer och an Zukunft weiderhi reevaluéiert ginn a wann néideg erëm ugepasst ginn, esou den Teo Schroeder.

Lauschterenplay_arrow