Aarbechtszäit

"Temps partiel familial": OGBL fäert, datt virun allem Besserverdénger profitéieren

Den Temps partiel familial, wéi e fir de Moment vun der Regierung geplangt ass, wier keng Plus-value fir Beschäftegt: dat stellt den David Angel vum OGBL fest.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© OGBL/Marc Lazzarini play_arrow
(Foto: OGBL/Marc Lazzarini)

Den Aarbechtsminister Marc Spautz (CSV) hat e Freideg hei um Radio 100,7 erkläert, datt Eltere vu Kanner vun ënner 13 Joer hir Aarbechtszäit an Zukunft ëm zéng Prozent solle kënne reduzéieren, ouni datt et awer ee Recht dorop soll ginn. 

Kee grousse Fortschrëtt 

Den Temps partiel familial soll op Fräiwëllegkeet baséieren. Fir mat hiren Aarbechtsstonne kënnen erof ze goen, mussen déi Beschäftegt sech also mat hirem Patron eens ginn. Dat wier net de grousse Worf, deen eppes fir d’Work-Life-Balance géif maachen, bedauert den David Angel vum OGBL.

"U sech hu mer elo par Rapport zu den aktuelle Reegelungen, wat den Temps partiel ugeet, ass dat elo net wierklech e grousse Fortschrëtt. Mir wäerten elo net do dogéint goen, well et jo à priori keng Attack ass. Mee et ass awer elo och net wéi wa mer vu Freed géifen an d’Luucht sprangen, an dat do géife super fannen." 

Éischter fir besser gestallte Leit

Nëmmen déi Leit, déi sech dat kënne leeschten, kéinten hir Aarbechsstonne reduzéieren, zum Beispill vu 40 op 36 Stonnen, kritiséiert den David Angel vum OGBL, am Kontext vun de Pläng fir den Temps partiel familial. 

"Et sinn net d’Mindestlounempfänger oder Leit, déi an den Niddreglounsecteure schaffen, déi heivunner wäerte kënne profitéieren. Et sinn éischter besser gestallte Leit."

Den OGBL géif awer am Hierscht oppen an d’Diskussioune mat der Regierung a mam Patronat era goen, fir iwwer den Temps partiel familial an iwwer geplangte Changementer bei anere Congésreegelen ze diskutéieren.

Zäitplang fir de Projet wier "sportlech"

Et wéilt e gesinn, wat genee d’Regierung sech virstellt, fir duerno konstruktiv ze diskutéieren, esou den David Angel.

"Wann et do ëm Congés extraordinaires geet, fir Leit, déi eng Feelgebuert haten oder wann et ëm (...) Verbesserunge vu verschiddene Congéë geet, da si mir natierlech à priori ëmmer dofir."

Dem Aarbechtsminister Marc Spautz säin Zäitplang, de Gesetzprojet am Oktober wëllen ze deposéieren, fir datt en Ufank 2027 an der Chamber ka gestëmmt ginn, hält den David Angel vum OGBL fir "sportlech".

Lauschterenplay_arrow