An de leschten zwou Woche konnten d’Schüler a Schülerinnen do an den Haaptfächer wéi Däitsch, Franséisch oder Mathematik nach eemol d’Matière widderhuelen an opfrëschen.
Besonnesch am Fondamental sinn d’Sproochecoursë gefrot, an Däitsch steet dobäi op éischter Plaz.
Wat kënnen zwou Stonne Cours den Dag iwwerhaapt bewierken? A firwat ass grad Däitsch esou gefrot?
Et pecht een net just mat den Aen op der Tafel
Kuerz no 8:00 Auer – an dat nach wärend der Vakanz – sëtzen zu Miersch schonn déi éischt Kanner am Klassesall. Virun hinne leien Däitschübungen, Bläistëfter a faarweg Etuien. Am Laf vun der Stonn gëtt gelies, geschriwwen a vill geschwat – mol op engem Aarbechtsblat, mol a Form vun enger klenger Übung oder engem Spill.
Wat op den Dëscher läit ass dobäi net einfach nëmmen ee fixe Programm. Schonn am Virfeld vun der Summerschool gëtt zesumme mat den Eltere gekuckt, wou e Kand nach Ënnerstëtzung brauch – zum Beispill beim Liesen, bei der Grammaire oder beim Vocabulaire.
Individuell cibléiert Programmer
D’Aufgaben an d’Léiermaterial ginn doropshin individuell un d’Kompetenzen an de Besoin vun de Kanner ugepasst.
Dacks schaffe si dobäi zu zwee oder a klenge Gruppen. Dat entsprécht och der Beschreiwung vun der Enseignante Camille Heret, déi erkläert, datt d’Material jee no Besoin vun der Grupp beim Liesen, Schreiwen oder mëndleche Schaffe weider ugepasst gëtt.
Den Unterrecht soll sech dobäi awer net wéi ee klassesche Schoulunterrecht ufillen, erkläert d’Camille Heret, Enseignante am Fondamental zu Miersch.
"Moies ass elo net dee Stress vun: Ech muss genau um 8:00 Auer do sinn. Mir kucken natierlech och, dass dat Ganzt keng Strof soll sinn. Et soll Spaass maachen, et soll Beweegung dra sinn, et sollen nei Theemen opgegraff ginn, et sollen awer Theeme widderholl ginn."
Mol sëtzen d’Kanner um Dësch, mol sti si mat engem Clipboard am Gank a léisen eng Lies-Aufgab. Tëschent de Grammairesübungen gi Beweegungspausen oder kleng Spiller gemaach.
Eng Woch laang kommen d’Kanner all Dag fir zwou Stonnen an d’Summerschool. Mee hëlleft dat hinnen och, fir sech ze verbesseren?
"Mir mierken, dass d’Kanner lo erëm gutt Ugewunnechten huelen, dass si sech drun erënneren: Jo, de Punkt zum Schluss vum Saz, Grouss- a Klengschreiwung, ah jo, dat ass wouer, do hate mir déi Reegel. Also, et ass schonn en Impakt do fir d’Kanner."
Summerschool ass keen Noexamen
Alles kéint een natierlech net bannent enger Woch opschaffen, esou nach d'Camille Heret. Mee d'Kanner kéinten awer nees mat der Sprooch a Kontakt kommen.
E standardiséierten Test, deen duerno beweist, ëm wéi vill d'Kanner sech verbessert hunn, gëtt et also net.
D’Enseignantë mierken de Fortschrëtt éischter am Unterrecht selwer: D’Kanner gräifen dat, wat si schonn am Schouljoer geléiert hunn, nees méi séier op, stellen no e puer Deeg manner Froen, a ginn nees lues un de Schoulrhythmus gewinnt.
D'Enseignante Camille Heret seet och, datt d’Kanner géint Enn vun der Woch méi autonom schaffen.
Firwat ass Däitsch esou gefrot?
Zu Miersch goufen dëst Joer 136 Kanner fir d’Summerschool ageschriwwen. 104 dovunner fir Sproochenaktivitéiten.
An der ganzer Regioun Miersch sinn d’Sproochecoursë méi gefrot wéi Mathematik. Datt grad Däitsch esou staark gefrot ass, weist sech net nëmmen hei zu Miersch. Och landeswäit ass Däitsch am Fondamental déi meeschtgefrote Sprooch an der Summerschool. Dat weisen d’Zuele vum Educatiounsministère.
Den Alain Reef, Regionaldirekter vum Enseignament fondamentale, vun der Regioun Miersch, gëtt dozou Erklärungen.
"Mir hu ganz vill Kanner, déi doheem weder Lëtzebuergesch, nach Däitsch schwätzen, oder mat der lëtzebuergescher, däitscher Sprooch vill a Kontakt sinn. An deemno ass dat och eng Erklärung, firwat vill Kanner an den däitsche Sproochaktivitéiten ageschriwwe sinn."
Dat passt och an déi méi grouss Debatt ëm d’Sproocheléieren an der Primärschoul. Mam Projet ALPHA, bei deem Kanner an der Grondschoul nieft dem Däitschen och op Franséisch alphabetiséiert kënne ginn, soll Liesen a Schreiwe léieren an Zukunft méi staark un déi sproochlech Viraussetzunge vun de Kanner ugepasst ginn.
Fir d’Kanner hei am Klassesall geet et dës Woch awer virun allem ëm eppes ganz Konkreetes: Nees méi sécher am Däitschen ze ginn.