Beim Dvorak seng 9. Symphonie "Aus der Neuen Welt" gesellt sech e weidert Wierk dobäi, eng Uropféierung vum Samy Moussa, "Quodlibet" inspiréiert vu Melodië vu franko-kanadesche Siidler. Nieft dësen zwee Wierker steet och nach dem Beethoven säin 3. Pianosconcerto um Programm. Mat dësem Wierk konnt de Komponist sech fir d'alleréischt a senger neier Heemecht Wien behaapte geintiwwer dem Haydn an dem Mozart.
Programm:
Samy Moussa (*1984): Quodlibet
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Concerto fir Piano Nr.3 an Do Mineur, Op. 37
Antonín Dvořák (1841-1904): Symponie Nr. 9 a Mi Mineur, Op. 95 "Aus der neuen Welt"
Interpreten:
Mao Fujita (Piano)
Deutsches Symphonieorchester Berlin
Kent Nagano (Dir.)