D’Cléopâtra, d’Ophélia an d’Salomé – dräi Fraen, dräi Schicksaler, vertount an engem eenzege Wierk, geschriwwe vun enger Komponistin, déi vill ze laang a Vergiessenheet geroden ass. E Pianosconcerto, dee souwuel déi lescht Kompositioun fir dëst Instrument, wéi och dee leschten Optrëtt als Interpret vun dësem musekalesche Genie a sech dréit. An e Bild an engem Wiertshaus, dat e Komponist esou zum Laache bréngt, datt dësen decidéiert direkt eng ganz Symphonie doriwwer ze schreiwen.
An dësem Concert huele mir Iech mat op eng musikalesch Rees duerch d'Wierk vun der franséischer Komponistin Mel Bonis. Mir loossen dem Mozart säin allerleschte Pianosconcerto erkléngen a loossen eis matrappe vun de 4 Temperamenter vum Carl Nielsen. Dat alles, gespillt vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern ënner der Leedung vum Michael Schønwandt. An als Solist um Piano ass et de Paul Lewis.
Dëse Concert gouf den 08.03. an der Congresshalle zu Saarbrécken opgeholl. An dës Opnam ass nach bis de 31. Juli fir Iech disponibel.
Programm:
Mélanie Bonis (1858-1937): “Trois femmes de légende pour orchestre”:
“Le songe de Cléopâtre” Op. 180 Nr. 2
“Ophélie” Op. 165 Nr. 2
“Salomé” Op. 100 Nr. 2
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Concerto fir Piano a Si bémol Majeur, KV 595
Carl Nielsen (1865-1931): Sinfonie Nr. 2, Op. 16 “Déi véier Temperamenter”
Interpreten:
Paul Lewis, Piano
Deutsche Radio Philharmonie
Michael Schønwandt, Dirigent