De Lausanne Chamber Orchestra ënner der Leedung vum Sunwook Kim presentéiert zwee sinfonesch Meilesteng. Op der enger Säit dem Beethoven säin 3. Pianosconcerto, deen eenzegen, deen an enger heroescher Mineur-Tounart geschriwwen ass an och den éischten, deen de Beethoven "symphonesch" denkt an domadder net fir de Salon mee fir de Concertssall, op där anerer Säit dem Schumann seng Symphonie a Ré Majeur. Fir de Romantiker war dës e Befreiungsschlag no enger laanger Schaffenskris. Programm: Ludwig van Beethoven (1770-1827): Concerto fir Piano Nr. 3 an Do Mineur, Op. 37 Johannes Brahms (1833-1897): Ungareschen Danz Nr. 1 a Sol Mineur Robert Schumann (1810-1856): Symphonie Nr. 2 an Do Majeur, Op. 61 Interpreten: Majo Fujita, Piano Sunwook Kim, Piano / Direktioun Lausanne Chamber Orchestra
Heroesch Téin am Concertssall
headphones
123 min
Lauschteren
play_arrow
Sunwook Kim (Foto: Marco Borggreve)
mic_none
Presentéiert vum
- Joachim Fontaine
Episoden
Galaconcert vun den International Classical Music Awards
Musikalesch Glanzliichter
De Rising Star Giorgi Gigashvili
Den am Joer 2000 gebuerene Pianist presentéiert sech mat däitscher Romantik, russeschem 20. Joerhonnert an enger neier Kompositioun vun der Natalie Berizde
Esou ënnerschiddlech kann dat 20. Joerhonnert kléngen
Sibelius, Janáček a Schostakowitsch mam Leonidas Kavakos, mat de Lëtzebuerger Philharmoniker a mam Jukka-Pekka Saraste
Hommage un d'Clara Schumann
Déi legendär Pianistin, Komponistin a Mamm vun 8 Kanner, ass virun 130 Joer gestuerwen.
Grouss Sinfonie
De Schweedesche Radiosymphonieorchester spillt ënnert der Leedung vum Antonio Pappano Wierker vum Johannes Brahms a Richard Strauss
E Rising Star um ungareschen Cimbalom
Folk, Jazz a Klassik vu Bach bis Modern, gespillt op engem vun den eelste Museksinstrumenter dem Cimbalom, vun dem ungareschen Nowuesstalent Aron Horváth
Papp a Jong
D’Famill Bach an d’Famill Scarlatti stinn am Fokus um Erëffnungsconcert vum Catch Music Festival 2026
70. Gebuertsdag - Gast Waltzing & Guests LIVE
De Lëtzebuerger Gast Waltzing feiert säi 70. Gebuertsdag an invitéiert nieft de Lëtzebuerger Philharmoniker eng Rei Kënschtler:innen vu vergangene Projeten op d'Bün.
Wéi am Dram
Charles Dutoit a Martha Argerich versetzen eis an aner Welten.
De Claude Lenners gëtt der 70
Eng Emissioun fir dem Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners säi 70. Gebuertsdag ze feieren.
Ladies’ Night
Schumann a Mendelssohn? Clara a Fanny!
Hayd'n seek
Haydn an Jazz mam Arthur Possing an dem Chaos String Quartet
Géint d'Zäit - mam Orchestre de Chambre du Luxembourg
"Contretemps" ass den Titel vun engem Concert vun Ufank Februar 2026, bei deem den OCL sech mat verschiddenste Komponisten auserneesetzt.
Heroesch Téin am Concertssall
Fir déi zwee Komponiste waren et Befreiungsschléi: dem Beethoven säin 3. Pianosconcerto an dem Schumann seng 2. Symphonie.
3 x Pianostrio, 3 x anescht
E Programm am Zeeche vum Pianostrio: mee net nëmme bekannten Nimm wéi Beethoven oder Mendelssohn stinn op der Affiche.
Music and Wine
Bordeaux, Côtes d’Auvergne oder Manzanilla?
Thrills and Tragedies - déi grouss Kontraster vun der Romantik
Den Numm ass Programm: dëse Concert steet ganz am Zeeche vun den emotionellen Héichten an Déifte vun der Musek vum 19. Joerhonnert.
Grouss Nimm, jonk Staren
Schumann, Tschaikowski a Brahms, interpretéiert vu jonke Staren
Zwee Frënn: Brahms an Dvořák
Den Orchestre Philharmonique de Radio France spillt ënner der Leedung vum Eliot Gardiner Wierker vun zwee befrënnte Komponisten, dem Johannes Brahms an dem Antonin Dvořák.