Et geet hei ëm d‘Asylstrukturen an deenen Demandeurs ënnerbruecht ginn an ëm d‘Autorisatioun fir hei am Land ze schaffen, déi elo schonn no véier amplaz no sechs Méint kann ausgestallt ginn.
Nächste Méindeg soll ofgestëmmt ginn
Donieft sollen onbegleete mannerjäreg Demandeure besser encadréiert ginn an dem Office national de l‘enfance ONE ënnerstallt ginn.
Well d‘Direktiv bis den 12. Juni muss ëmgesat ginn an de Staatsrot recommandéiert, datt de Volet, deen den Inneministère betrëfft, zesumme mam Volet Accueil soll gestëmmt ginn, geréit d‘Chamber elo ënner Zäitdrock.
Datt d‘Kommissioun den Text haut fir déi éischte Kéier diskutéiert huet an d‘nächst Woch scho soll ofgestëmmt ginn, wier inacceptabel, esou d‘Djuna Bernard vun Déi Gréng.
"Dat ass eng Woch fir ee vun de grondleeënde Gesetzer, déi den Accueil zu Lëtzebuerg organiséieren, en Accueil, wou mer jo zu Recht eng ganz Rei Kriticken och geäussert hunn an der Lescht. Dat heescht, et ass e wichtegt Gesetz an et ass net seriö, wéi dat innerhalb vun enger Woch elo hei soll duerch d'Chamber gebretscht gëtt. Dat ass de Geck gemaach mat eis als Legislateur."
Iwwer de Rapport vum Text soll elo nächste Méindeg an der Kommissioun ofgestëmmt ginn, nach déi selwecht Woch ass dann de Vote am Plenum.