Europa

Exklav Ceuta: Dausende Mënsche gi géint d‘Regierung zu Madrid op d'Strooss

An der spuenescher Nordafrika-Exklav Ceuta hunn e puer Dausend Leit géint d‘Regierung zu Madrid protestéiert. Si geheien dem spuenesche Premier Pedro Sanchez vir, d‘Flüchtlingssituatioun zu Ceuta op irresponsabel Aart a Weis ze geréieren. Nom Massenundrang Enn Juli si 5.000 Leit zu Ceuta bliwwen.

auto_stories

1 min

Manifestatioun fir de "Ceuta Dag" zu Valencia | © EPA/Biel Alino
Manifestatioun fir de "Ceuta Dag" zu Valencia (Foto: EPA/Biel Alino)

An der Exklav liewen zënter engem Mount ronn 5.000 Mënschen aus Marokko an Zelter op Plagen an an Industrie-Zonen. Ënner hinne si vill Mannerjäreger. Si gi vun Hëllefsorganisatioune versuergt. 

Och an der spuenescher Haaptstad Madrid an an anere Stied goufen et grouss Protester géint d‘Migratiounspolitik vun der spuenescher Regierung. 

D'Regierung ëm de Sozialist Pedro Sanchez hat virgëschter méi wéi 300 Milliounen Euro zu Verfügung gestallt, fir d‘Situatioun zu Ceuta ze geréieren.