Liwwerketten

Appell un d'Lëtzebuerger Politik fir EU-Direktiv iwwer Liwwerkette richteg ëmzesetzen

Déi aktuell Lëtzebuerger Gesetzer géifen net garantéieren, datt d’Betriber d’Mënscherechter an d’Nohaltegkeet am Sënn vun der EU-Direktiv iwwer d’Liwwerkette respektéieren, seet en Avis juridique, deen d’Mënscherechtskommissioun CCDH an d’Initiativ fir en Devoir de Vigilance an Optrag ginn hunn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Luca Di Santolo play_arrow
(Foto: Luca Di Santolo)

De gesetzleche Kader zu Lëtzebuerg misst ugepasst a gestäerkt gi virun der néideger Ëmsetzung vun dem Liwwerkettegesetz, fuerderen d’CCDH an d’IDV, d'Initiativ fir een Devoir de Vigilance. 

"Ee System, deen net dofir virgesinn ass" 

Déi aktuell national Gesetzeslag géing eng wierkungslos Ëmsetzung riskéieren. Den Affekot Francois Moyse, den den Avis judiciaire ausgeschafft huet, rapelléiert, datt een eng Gesetzgeebung vun 1804 huet.  

"An elo kommen nei Prinzippien, mat Direktive vu Bréissel, an et geet net nëmmen drëm ze soen, mir maachen hei eppes, mir pechen eppes drop op e System, deen net dofir virgesinn ass."

D’Rechtssécherheet misst garantéiert ginn, d’selwecht wéi eng reell Chance fir d’Affer zu hirem Recht ze kommen, wa se duerch eng Entrepris zu Schued koumen, seet de Jean-Louis Zeien vun der Initiativ fir den Devoir de Vigilance.

"Dofir déi Fuerderung, déi mir zesummen erhiewen, datt d'Regierung sech an enger Rei vu Punkten un deem orientéiert, wéi et an eisen Nopeschlänner, Däitschland a Frankräich de Fall ass. Och do si scho puer Stéchwierder gefall, d'Sammelklo oder d'Méiglechkeet sech vertrieden ze loossen." 

Zentral bei der Ëmsetzung vum Liwwerkettegesetz ass d’Fro vum Schuedenersatz an dem zoustännege Land.

Ëmsetzung gëtt ofgeschwächt

D'CCDH an d'IDV fuerderen, datt bei Fäll, déi Entreprisë mat Sëtz zu Lëtzebuerg betreffen, d’Lëtzebuerger Recht applizéiert gëtt an net dat vum Drëttstaat an deem de Schued entstan ass. Esou kéint ee verhënneren, datt d’Effikassitéit vum Recht an der Entschiedegung geschwächt gëtt. Bis elo ass just en Delai fir d’Banken an d’Versécherungen ëmgesat ginn. 

Zënter 2024, wou d’Liwwerkettegesetz virgestallt gouf ass et schonn ofgeschwächt ginn. Et soll elo just nach fir ganz grouss Entreprisen, mat méi wéi 5.000 Mataarbechter:innen a méi wéi 1,5 Milliarden Ëmsaz, gëllen. D’Ëmsetzung gouf och scho vun 2026 op 2028 verréckelt ginn.

Lauschterenplay_arrow