Réckgang bei de Leit déi international Protektioun zu Lëtzebuerg ugefrot hunn
Am Mount August goufen zu Lëtzebuerg 82 Demanden op international Protektioun agereecht. 65 Demandë kruten eng positiv Äntwert. Déi meescht Demanden dovun, nämlech 18, koume vun Eritreeër, 13 vu Syrer. Et waren am ganzen 48 Demandë manner, wéi am August zejoert.