D’Beate Gminder hat déi Hëlleff un Madrid scho virun enger Woch proposéiert.
Déi spuenesch Regierung steet ënner Drock, zënter datt Dausende vu Mënschen aus dem Marokko probéiert hunn, an déi spuenesch Exklav eriwwerzekommen. Bannent just e puer Stonnen huet Spuenien déi grouss Majoritéit vun hinnen zeréck an de Marokko bruecht.
Spuenie ka verschidde Leit, déi elo op Ceuta sinn, net einfach fortschécken, ouni se ze iwwerpréiwen, well dat géint dat internationalt a géint dat spuenescht Recht verstousse géif. Zënterhir kënnt et ëmmer nees zu Demonstratioune vun deelweis rietsextreeme Gruppéierungen an der Exklav. Dobäi goufe scho Lager fir déi geflücht Persounen a Brand gestach.
Och den Drock vu Säite vun der EU ass grouss. Ënner anerem Italien hat gefuerdert, datt Spuenien aus dem Schengeraum sollt ausgeschloss ginn. Dobäi ass d'Exklav net am Schengeraum. Déi spuenesch Regierung huet wëlles, just ronn 500 mannerjäreg Migranten eriwwer an d'Festland ze loossen. Fir d'Iwwerpréiwung vun deenen huet Spuenien eben elo d'Grenzschutzagence Frontex ëm Hëllef gebieden.