5 Joer laang war d’Anne Calteux d’Gesiicht an d’Stëmm vun der EU-Kommissioun am Grand-Duché. D’Mandat ass allerdéngs op 5 Joer limitéiert. Eppes, wat d’Anne Calteux begréisst, well et frësche Wand garantéiert.
“Well wann een ze laang op där Plaz ass, gëtt ee vläicht manner dynamesch. Fënnef Joer ass eng gutt Zäit. Et gëtt engem net langweileg.”
Wichteg ze betoune wier, datt si fir d’Kommissioun geschafft huet, an net fir dat Land, an deem si positionéiert war. Eng kloer Trennung, déi een ëmmer nees am Kapp behale muss, och wann een déi lokal Acteuren an de System zu Lëtzebuerg gutt kënnt, seet d’Anne Calteux.
D'Leit froen: Wou dréckt de Schung?
Op EU-Niveau huet si duerchaus spannend Joren hanner sech. Ugefaangen huet d’Anne Calteux wärend der Corona-Pandemie. Dunn ass den Ukrain-Krich komm. Zum Schluss hunn d’Relatioune mat den USA d’Agenda dominéiert.
“Ech hu mech keng Sekonn gelangweilt op deem Posten. Et war eng spannend a beräicherend Zäit fir mech. (...) Ech hu vill intressant Leit kennegeléiert zu Bréissel an hei am Land.”
Eng Fro huet sech wéi e roude Fuedem duerch hir Aarbecht gezunn: Wat bedeit Europa fir d’Leit? D’Anne Calteux erkläert, datt déi meescht Leit keng Loscht op europäesche Jargon hunn. Si wéilten einfach Erklärungen: Firwat huet d’EU-Kommissioun déi Entscheedung geholl? Wat bedeit dat fir mech als Bierger?
Ausserdeem wier et hautdesdaags méi wéi je wichteg, de Leit nozelauschteren: Wou dréckt de Schung?
Sech fréi mat der Iddi vun Europa ufrënnen
Fir vill Leit ass Europa nämlech e Feindbild, oder op d’mannst mat responsabel fir villes, wat hinnen net gefält. Dat bescht Beispill ass déi ganz rezent Landtagswal a Sachsen-Anhalt, wou mat der AfD eng anti-europäesch Partei kloer gewanne konnt.
D’Anne Calteux fënnt et schued, datt d’EU esou dacks als Sënnebock geholl gëtt. Dofir hätt si sech virun allem dofir agesat, datt virun allem jonk Leit sech mat Europa auserneesetzen.
“Fir sech och mat der Iddi vun Europa unzefrënnen, sech iwwer seng Rechter als EU-Bierger bewosst ginn.”
D’EU ass am stännege Wandel. Déi eng Länner wëllen eraus, wéi Groussbritannien. Anerer wëllen net ran, wéi Island, wou et rezent e Referendum dozou gouf. An da ginn et Bäitrëttskandidate wéi Serbien, wou allerdéngs gëschter nach mam Ratko Mladic e Krichsverbriecher e Staatsbegriefnes kritt huet.
Hätt d’EU an deem Fall méi streng reagéiere missen? Nee, mengt d’Anne Calteux. Datt d’EU-Kommissärin fir Erweiderung, d’Marta Kos, hir Visitt ofgesot huet, wier eng staark Reaktioun gewiescht. Ausserdeem géing ee Serbie scho méi laang vu ganz noem observéieren. Ee Stéchwuert ass hei Korruptioun.
Dossier Adria News: Eng héich politesch Affär
Serbie spillt indirekt och eng Roll am Anne Calteux hirem neien Job. Adria News ass e Reseau vun Tëlees-Chaînen am Balkan – ënner anerem eben a Serbien – deen zu Lëtzebuerg säi Sëtz huet a vun der ALIA kontrolléiert gëtt, obwuel e just am Balkan diffuséiert gëtt. Dat kléngt op den éischte Bléck komesch.
Si kéint dozou nach net vill soen, mengt d’Anne Calteux. Aktuell schafft si sech nach an de Sujet eran. Et wier awer en Dossier, deen “intressant” ass a “vill Froen opwerft.”
“Et ass wichteg, datt mir eis bei deem doten Dossier d’Fro stellen, wat ass gudde Journalismus? (...) Wéi wëlle mir zu Lëtzebuerg dozou bäidroen, datt d’Leit Zougang hunn zu gutt recherchéiertem Journalismus?”
Et wier deemno eng héich politesch Affär, betount d’Anne Calteux, a Lëtzebuerg hätt duerchaus eng Responsabilitéit fir dat kritesch ze kucken an drop opzepassen, datt d’Rechtsstaatlechkeet respektéiert gëtt.
KI wërft deontologesch Froen op
Pressefräiheet a Pressehëllef sinn aner Domäner, an deenen d’Anne Calteux elo aktiv wäert sinn. Dobäi kënnt déi digital Transformatioun.
Den SMC ass awer net am Digitalisatiounsministère ugesidelt, mee hänkt als Verwaltung um Statsministère drun. Ministre déléguée ass d’Elisabeth Margue.
Den SMC wier e villschichtege Service, deen a leschter Zäit vill gewuess ass an deemno och vill Kompetenze bäigewonnen huet, seet d’Anne Calteux. Ee Beräich ass déi Kënschtlech Intelligenz.
Dat wier e “groussen Dossier”, an deem och deontologesch Froen eng wichteg Roll spillen, ënnersträicht d’Anne Calteux. Am Beräich KI gëtt et och eng national Strategie, déi vu verschiddene Ministère gedroe gëtt. Den SMC spillt do eng Koordinatiouns-Roll.
KI wier zukunftsbestëmmend a Lëtzebuerg kéint och eng “flott Roll” op EU-Niveau spillen, esou nach d’Anne Calteux.