Lëtzebuerger Partner

Lëtzebuerg investéiert 10 Milliounen Euro an déi franséisch KI-Entreprise Mistral AI

Lëtzebuerg ass ee vun den neien Investisseure bei der franséischer Softwareentreprise Mistral AI: Dat huet de KI-Start-Up haut matgedeelt. Lëtzebuerg hätt 10 Milliounen Euro investéiert, esou de Finanzministère op de soziale Reseauen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Jaque Silva play_arrow
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Jaque Silva)

Am Ganzen huet Mistral AI dräi Milliarden Euro frëscht Kapital gesammelt fir seng Expansioun virunzedreiwen. Ee vun den Haaptinvestisseure bei der neier Finanzéierungsronn vu Mistral AI ass de südkoreaneschen Tech-Konzern Samsung Electronics. 

Den Chipproduzent Samsung kéint mat bis zu enger Milliard bei Mistral AI eraklammen, hat d’Financial Times scho viru ronn 14 Deeg geschriwwen. 

Trotz Milliarden ass een nach Welte vun OpenAI fort

Mistral AI war eréischt viru gutt dräi Joer gegrënnt ginn. No der neier Finanzéierungsronn ass d’Bewäertung vun der franséischer Entreprise op iwwer 21 Milliarden Euro geklommen.

Als Verglach: De gréisste KI-Konzern aus den USA, Open AI, huet eng Bewäertung vu ronn 850 Milliarden Dollar.

De Lëtzebuerger Invest vun 10 Milliounen Euro wier e Bäitrag fir méi technologesch Souveränitéit a fir een europäesche KI-Champion opzebauen, huet et de Moie vum Finanzministère geheescht.

Mistral AI wëllt bewosste Géigepart zu amerikanesche KI-Firme sinn

De Matgrënner a Generaldirekter vu Mistral AI, den Arthur Mensch, huet haut erkläert, mat den 3 Milliarden Euro frëschem Kapital méi séier bei der Fuerschung, de Produkter an der Infrastruktur wëlle virun ze kommen. 

Mistral AI positionéiert sech am Beräich vun der Kënschtlecher Intelligenz bewosst als europäesche Géigenentworf. D’Clientë solle modern KI kënnen notzen, ouni d’Kontroll iwwer hir Recheninfrastruktur an iwwer vertraulech Donnéeën un amerikanesch Konzerner ze liwweren.

Mistral AI ass an der Tëschenzäit an 20 Länner aktiv.

Lëtzebuerg huet e Partenariat mat Mistral AI

Lëtzebuerg huet och eng Partnerschaft mat Mistral AI ënnerschriwwen. Dat hat de Premier Luc Frieden schonn d'lescht Joer matgedeelt. Dës Partnerschaft géif sécherstellen, datt all d’Daten op Servere vum Lëtzebuerger Staat stockéiert ginn.

All d’Ministèren an d’Verwaltunge solle mat engem KI-Chatbot vu Mistral AI schaffen, war an der Ried zur Lag vun der Natioun 2026 ugekënnegt ginn.

 

Lauschterenplay_arrow