Direktere vu Gazprombank

Finanzministère réischt den 8. Juli iwwer méiglecht Ëmgoe vu Sanktioune informéiert

Nom Bericht vun der Financial Times, datt véier fréier Direktere vun der russescher Gazprombank zu Lëtzebuerg EU-Sanktiounen ëmgaangen hätte fir sech perséinlech ze beräicheren, reagéiert elo de Finanzministère.

auto_stories

1 min

© EPA/ANATOLY MALTSEV
(Foto: EPA/ANATOLY MALTSEV)

An enger schrëftlecher Äntwert verséchert de Finanzministère, datt déi zuständig staatlich Kontrollinstanzen dat elo wéilte préiwen. 

D'Regierung, méi genee de Finanzministère, wier eréischt den 8. Juli dovu gewuer ginn, wéi ee Journalist vun der Financial Times si wéinst dem Artikel kontaktéiert hätt. Dat wier dunn intern iwwerpréift ginn an et wier festgestallt ginn, datt de Finanzministère net dofir zoustänneg wier. Dem Lëtzebuerger Recht no wier nämlech d'CSSF dofir responsabel ze iwwerwaachen, ob Sanktioune vun de Banken agehale ginn. 

D'CSSF an de Parquet goufe saiséiert fir eng Enquête ze maachen. 

Esouwuel de Finanzministère wéi och d'CSSF stinn de 14. September der Finanzkommissioun an der Chamber Ried an Äntwert, esou nach de Finanzministère.