Schoulrentrée

SEW/OGBL: PISA-Resultater wéineg iwwerraschend, mee de Constat ass "dramatesch"

U sech soll ee jo gutt erholl an dat neit Schouljoer starten. Dëst Joer ass dat beim Léierpersonal awer vläit net esou de Fall. Déi rezent schlecht PISA-Resultater bereede grouss Suergen an de Projet ALPHA steet virun der Dier. Fir d'Schoule stelle sech awer nach vill organisatoresch Froen.

auto_stories

5 min

headphones

13 min

D'Joëlle Damé | © Radio 100,7 play_arrow
D'Joëlle Damé (Foto: Radio 100,7)

No der laanger Summervakanz sollen esouwuel d’Kanner, wéi och d’Enseignanten nees gutt erholl an dat neit Schouljoer starten. D’Enseignantsgewerkschaft SEW/OGBL warnt awer ëmmer nees virun Iwwerbelaaschtung beim Léierpersonal an dem Risiko vu Burnout.

Datt dee Risiko dëst Schouljoer erof wäert goen, dat mengt d’Joëlle Damé net. Si ass Presidentin vum SEW/OGBL.

Inklusiounsmesurëpak soll an Zukunft fir Entlaaschtung suergen

Op der enger Säit ass den Inklusiounsmesurëpak zwar ugekënnegt ginn, mee nach net ëmgesat. Verschidde Punkte mussen nach legiferéiert ginn.

Dëse Mesurëpak gräift eng Rei Fuerderunge vun der Gewerkschaft op an ziilt op den Ëmgang mat verhalensopfällege Kanner of. Déi kënnen zum Beispill aus dann aus der Klass geholl ginn.

Wéini genee de Pak a Kraaft trëtt ass also nach net gewosst.

Choix vun Alphabetiséierungssprooch kéint zu Onstëmmegkeeten tëschent Léierpersonal an Eltere féieren

E weidere Grond, firwat d’Aarbecht vun den Enseignanten net manner gëtt, ass natierlech d’Alphabetisatioun op Franséisch. D’Kanner, déi haut am zweete Spillschoul ufänken, stinn nämlech um Enn vum Joer virum Choix tëschent Däitsch oder Franséisch als Sprooch am 1. Schouljoer.

Dem Educatiounsministère no missten d’Schoulen an Enseignantë prett sinn. De Ministère hätt och vill Aarbecht am Viraus geleescht, gëtt d’Joëlle Damé zou. An awer wäert ee réischt nächst Joer gesinn, ob ee gutt genuch virbereet ass.

E grousst Fragezeiche sinn zum Beispill d’Orientatiounen, déi um Enn vun dësem Schouljoer stattfanne wäerten. Do kucken d’Enseignanten zesumme mat den Elteren, wéi eng Sprooch sech am beschte fir d’Alphabetiséierung ubitt. Eventuell kéint et do zu Onstëmmegkeete kommen.

Lescht Trimester vum 2. Schouljoer als Virbereedung? SEW/OGBL fënnt dat keng gutt Iddi

Organisatoresch sti fir dëst Joer nach weider Froen op. Esou soll dat lescht Trimester vum 2. Schouljoer schonn eng Virbereedung op déi jeeweileg Alphabetiséierungssprooch lafen.

D’Iddi ass déi, datt Kanner, déi Richtung Franséisch ginn, an deem Zäitraum och Aktivitéiten op Franséisch maachen. Déi, déi Däitsch als Alphabetiséierungssprooch wielen, maachen Aktivitéiten op Däitsch.

Beim 1. Schouljoer bleift alles op Lëtzebuergesch.

D’Joëlle Damé fënnt den Zäitpunkt vun där Virbereedung net gutt. Dat lescht Trimester wier d’Zäit vun de Schoulausflich, Schoulfester an neierdéngs leider och Canicullen. Dobäi wéisst een nach net, wéi een dat genee plange soll.

Praktesch Ëmsetzung vum Projet ALPHA wërft nach grouss Froen op

Wann et nächst Joer da richteg lass geet stelle sech weider Froen, notamment a puncto Personal. Zwar kruten déi gutt Formatiounen, mee ...

“... wou Enseignanten a Schoule sech grouss Froe stellen ass déi praktesch Ëmsetzung mat der Schoulorganisatioun. Mir ginn dovun aus, datt mir vill méi Ressourcë brauchen. Mir hu Schoulen, wou net genuch Säll zur Verfügung stinn.”

Och d’Aarbechtsorganisatioun géing d’Schoule viru grouss Erausfuerderunge stellen. Wéi ginn d’Horairen organiséiert?

D’Joëlle Damé betount, datt mëttlerweil vill Leit just Deelzäit schaffen, an et och vill Intervenantë vu bausse ginn. All dat mécht d’Aufgab net méi einfach.

“Dat sinn déi Punkten, wou d’Leit sech ganz vill Froe stellen.”

Uechter d’Land ginn et schonn eng Rei Schoulen déi wëssen, datt hinne Säll feelen. De Minister dréckt d’Verantwortung weider op d’Gemengen, déi dofir suerge missten, datt genuch Säll zur Verfügung stinn.

"Grouss Suergen" wat de Personalmanktem ugeet

Wat d’Personal konkreet ugeet weist d’Enseignantsgewerkschaft SEW/OGBL zënter Joren drop hin, datt et e Manktem u Leit gëtt.

D’Joëlle Damé betount, datt de Contingent de base – also d’Zuel vu Léierpersonal déi all Schoul zegutt huet – muss eropgesat ginn. Och déi 20 Prozent méi déi ee kritt, wann een an enger Gemeng mat nidderegem sozio-ekonomesche Status ass, ginn net duer.

D’Gewerkschaft mécht sech an deene Punkte “grouss Suergen”. D’Hoffnung, datt sech op deem Punkt eppes ännert, stierft awer zum Schluss.

“Mir hoffen, datt aner Parteie mat op de Wee ginn an endlech méi Contingent froen, fir datt mir an Zukunft besser opgestallt sinn.”

PISA-Resultater hu wéineg iwwerrascht

Kuerz virun der Rentrée hunn d’Resultater aus der leschter PISA-Etüd nach emol fir Opreegung gesuergt. Lëtzebuerg huet net gutt ofgeschnidden. Bal 40 Prozent vun de befrote Schüler:innen haten net déi néideg Kompetenzen am Liesen.

D’Joëlle Damé seet, datt d’Enseignanten allgemeng net vun deem Resultat iwwerrascht waren. De Constat wier awer “dramatesch”.

Den Educatiounsminister Claude Meisch gesäit d’Grënn net just an de Schoulen, mee och am familiären Ëmfeld a beim negativen Impakt vum Handy an de soziale Medien.

Deen negativen Afloss wier net vun der Hand ze weisen, gëtt d’Joëlle Damé zou, mee si bezweifelt awer, datt dat déi wichtegts Ursaach soll sinn.

“A Groussbritannien an Estland hu sech och Social Media an en Handy an déi hunn et fäerdeg bruecht, besser Resultater ze kréien.”

Joëlle Damé weist op d'Kanneraarmut als Grond fir schlecht Resultater hin

D’Presidentin vum SEW/OGBL nennt d’Bildungsongerechtegkeeten als Haaptgrond, ausgeléist duerch Kanneraarmut.

“Wann all véiert Kand vun Aarmut betraff ass musse mir eis net wonneren, wann d’Bildungsschéier ausernee geet.”

An Estland géingen déi Kanner zum Beispill fréi detektéiert a konsequenjt gefërdert ginn. Hei am Land géingen dofir d’Moyene feelen. Zeréck beim Personalmangel also.

"Back to basics"

Et wier awer net just eng Personalfro, mee och eng d’Grondhaltung zum Léiere misst hannerfrot ginn, mengt d’Joëlle Damé. Déi hätt sech an de leschte Jore verschlechtert. Et misst een nees Leeschtung brénge fir virun ze kommen.

“Am Cycle inférieur vum Secondaire ginn d’Kanner séier duerchgewonk, da geet den Interêt fir Leeschtung ze bréngen erof.”

Et sollt een nees méi Wäert op d’Kärfächer wéi Liesen, Rechnen a Schreiwe leeën, seet d’Joëlle Damé. Dofir bréicht een Zäit a Personal. Back to basics also.

Lauschterenplay_arrow