Elo scho stinn op de Stroossen iwwerall Schëlder, déi drop opmierksam maachen, datt an den nächsten Deeg nees méi Kanner ronderëm d’Schoulen an d’Bussarrêten ënnerwee sinn.
Fir d'Direktesch vun der Sécurité Routière, Isabelle Medinger, wier den ëffentlechen Transport, respektiv de Schülertransport, deen an de Gemengen organiséiert gëtt, dee sécherste Wee an d'Schoul.
"Et ass och esou, datt wann ee mengt, seng Kanner an d'Schoul missen ze brénge mam Auto, bréngt een automatesch och e bësse Risiko mat an d'Strooss ronderëm d'Schoul."
Eltere wéilten hir Kanner dacks op der "richteger" Säit vum Trottoir rausloossen, fir d'Kanner net a Gefor ze bréngen. Dono géifen d'Elteren da mat hirem Auto an der Strooss dréinen, wat dann zu enger Geforequell kéint ginn, esou d'Isabelle Medinger.
"Dofir wat d'Kanner méi autonom mam Schülertransport, zu Fouss oder mam Vëlo an d'Schoul kommen, wat et méi sécher ass."
Scho fréi op alternativ Transportmëttel ëmklammen
D'Elteren hätte beim Schoulwee och eng Virbildfunktioun ze erfëllen, mengt d'Direktesch vun der Sécurité Routière. E Kand, wat mat Kollegen zu Fouss an d'Schoul trëppelt oder mat hinnen de Bus hëlt, géif de Schoulwee anescht erliewe wéi e Kand, wat am Auto vun den Eltere gefouert gëtt.
"An déi Kanner, déi méi relax an d'Schoul ginn an den ëffentlechen Transport benotzen, kréien och en aneren Usproch herno als Jugendlechen op d'Benotze vun der Mobilitéit, wou den Auto am Fong ëmmer eng manner grouss Roll soll spillen."
Am Auto kréichen d'Kanner eventuell och schonn e bësse vum Stress vun den Eltere mat.
Och d'Eltere brauchen e Rappel
D'Sécurité Routière huet fir dës Rentrée nees de “Klenge Guide fir op d’Strooss vun 3 Joer un” erausbruecht. Op 15 Säiten kréien do haaptsächlech d’Eltere praktesch Tipps, wéi si hire Kanner kënne vermëttelen, wat d’Geforen am Stroosseverkéier sinn.
Grondsätzlech géif ee bei der Sécurité Routière zwar dovun ausgoen, datt d'Elteren d'Reegele vum Stroosseverkéier kennen, seet d'Isabelle Medinger, mee mat der Preventioun wier een ni fäerdeg.
"Et muss een net ëmmer erëm vu vir ufänken, mee vläicht e Rappel maachen. An et si jo och ëmmer nei Kanner, jonk Elteren, déi dann awer nei mat der Situatioun konfrontéiert sinn."
Ronderëm de Schoulufank wier bei de Kanner an den Elteren och eng gewëss Opreegung ze spieren.
Broschür soll Eltere bei der Wëssensvermëttlung ënnerstëtzen
D'Broschür soll den Eltere bei der Rentrée hëllefen, fir datt si sech net ze vill Gedanken musse maache wéi si hire Kanner d'Geforen am Stroosseverkéier vermëttelen.
"Wann een déi Broschür kuckt, do si kleng einfach Exercissen dran, wou ee vläicht elo selwer net an där Form dropkomm wier."
D'Sécurité Routière géif all Joer nees Reklamm fir hir Broschür maachen, well et ëmmer aner Kanner sinn an ëmmer aner Elteren, esou d'Direktesch vun der Sécurité Routière, d'Isabelle Medinger.
Bei verschiddene Leit géif och d'Adress changéieren oder de Schoulwee géif sech änneren. D'Broschür wier dofir ëmmer e gudde Rappel.