SPIEGEL mellt

Firma DTMD mat Sëtz zu Wolz soll ouni legal Basis Masterdiplomer ausgestallt hunn

D‘Firma DTMD mat Sëtz am Wëlzer Schlass soll jorelaang Masterdiplomer u Studenten ausgestallt hunn ouni dofir d'Recht ze hunn, schreift SPIEGEL. D‘Formatioun an Zänntechnologie wier vun enger däitscher Agence zertifiéiert gewiescht, mee d‘Schoul hätt net d‘Recht gehat, Masterdiplomer auszestellen.

auto_stories

1 min

Artikel am SPIEGEL | © Radio 100,7
Artikel am SPIEGEL (Foto: Radio 100,7)

Dat huet d‘Héichschoulministesch Stéphanie Obertin dem Magasinn confirméiert. Well de Mastertitel eréischt zënter 2023 per Gesetz geschützt wier, hätt een net éischter kënne juristesch virgoen.

Eng Plainte wier am Abrëll agereecht ginn.

Dem SPIEGEL no hätt déi Lëtzebuerger Justiz awer keng Prozedur um lafen. D‘Privatschoul soll mëttlerweil Faillite erkläert hunn.