Iwwer dat ganzt Joer kann ee vun elo un op Rendez-vous un der sougenannter Epreuve d’aptitude générale, also dem Staatsexamen, deelhuelen.
Vun den Neierunge géif ee sech een däitlechen Zäitgewënn erwaarden, méi Flexibilitéit an e méi cibléierte Rekrutement vun deene Profiller, déi beim Staat gebraucht ginn, wéi de Serge Wilmes, Minister vun der Fonction Publique, resüméiert.
Nom Interessi fir de Posten direkt an den Examen
Eng vun de wuel wichtegsten Neierungen ass, datt de Staatsexamen an Zukunft ëmmer direkt un eng Kandidatur geknäppt ass an op all Schaffdag vum Joer kann absolvéiert ginn. Bis ewell war dat anescht an de Staatsexame gouf "gesammelt" ofgehal, op zwee oder dräi grousse Sessiounen am Joer pro Karriär, erkläert de Serge Wilmes. Dat wier elo anescht.
"Wann Dir eng Plaz gesitt, déi ausgeschriwwen ass, e Poste beim Staat oder och bei de Gemengen, da kënnt Dir Iech do mellen. Da kënnt Dir soen, dat nteresséiert mech an da gitt Dir awer gefrot, hutt Dir déi Epreuve d'étude générale scho gemaach? Wa jo, da kënnt Dir direkt an d'Gespréich goen."
Wann een da géif geholl ginn, kéint een direkt an déi zweet Etapp, erkläert de Minister, nämlech dann de spezialiséierten Examen, wann deen néideg ass.
Wann een awer nach guer kee Staatsexamen huet, da kann ee sech eben dofir ee Rendez-vous froe fir deen esou séier wéi méiglech ze maachen.
Eng Gëltegkeet vun engem Joer
Nei ass och, datt de Staatsexamen an Zukunft just nach ee Joer laang gülteg ass. Virdru waren et der fënnef.
Dem Minister no hätt sech an der Vergaangenheet gewisen, datt nëmme wéineg Leit, wann se de Staatsexame bis gepackt haten an op der sougenannter “Reservelëscht” stoungen, nach no deem éischte Joer rekrutéiert gi wieren. Dowéinst hätt een dësen Delai reduzéiert.
Wichteg ass awer ze betounen, datt déi al Diplomer hir Gëltegkeet no den ale Reegele behalen.
Zwee Echecken heescht ee Joer Paus
Wann een d'Épreuve d'aptitude générale net reusséiert, dierf ee se eng Kéier widderhuelen. Bei engem weideren Echec muss een dann awer 12 Méint waarden, ier een nach eng Kéier untrieden dierf.
"Am Endeffekt ass dat, fir d'Integritéit vun eisen Tester ze schützen. (...) Wann een ee Joer Paus huet, muss ee sech nees dru ginn, dann ass dat net esou eng Zort Automatismus an dowéinst hu mir gesot, da muss een ee Joer Paus maachen."
Eng Neierung gëtt et och beim Sproochentest, deen zum Schluss vum Rekrutementsprozess an d’Spill kënnt.
Och schrëftlecht Verstoe gëtt iwwerpréift
Dëse muss een an Zukunft net méi zwéngend sur place maachen, mee et kann een och online deelhuelen. Wéi de Minister ënnersträicht, fannen dobäi awer divers Iwwerpréiwunge statt, fir datt keen Abus bedriwwe gëtt.
Esou gëtt et zum Beispill e visuelle Contrôle iwwer Kamera fir ze kucken, ob deejéinegen, deen do sëtzt, och wierklech deen ass, dee seng Kandidatur gestallt huet an deem seng Carte d’identité virläit.
Awer och inhaltlech gëtt et hei e Changement: Nieft dem mëndleche Verstoen a Schwätze gëtt elo och dat schrëftlecht Verstoe gepréift. Dës Weideren ass den Test fir déi verschidde Gehältergruppen harmoniséiert ginn.