Den Zuch war ënnerwee vu Kiew op Warschau wéi e vun enger Dron getraff gouf. Am Zuch waren 206 Passagéier. Et wier kee bei der Attack blesséiert ginn.
Déi ukrainesch Eisebunnsgesellschaft hat spekuléiert, datt eigentlech en aneren Zuch viséiert gewiescht wier an deem héichrangeg Diplomate souzen.
Den ukrainesche President Selenskyj huet Moskau virgehäit, den Zuch geziilt attackéiert ze hunn.