Den ukrainesche President sot no der Renconter mat den US-amerikaneschen Emissären, datt d'Gespréicher zwar konstruktiv gewiescht wieren, mee datt awer schlussendlech näischt Konkreetes erauskomm wier.
Et wier och näischt iwwer weider direkt Verhandlungen tëschent der Ukrain a Russland festgehale ginn. Fir d'Lescht haten d'USA am Februar bei direkte Verhandlungen tëschent Moskau a Kiew an der Schwäiz vermëttelt.
Russland schléisst Friddensgespréicher net aus - Mee net elo
Russland schléisst eng Relance vun de Friddensverhandlungen tëschent Moskau, Kiew a Washington iwwerdeems net komplett aus.
Dat huet de Kreml no der Visitt dëse Weekend vun zwee US-Spezialbeobtraagten zu Moskau an zu Kiew matgedeelt. Et wier awer nach ze fréi fir mat Gespréicher unzefänken.