US-Vermëttlungsmissioun

Keng konkret Resultater no dräi Stonne Gespréicher mam Putin

Ronn dräi Stonne laang hunn de russesche President an d’Vertrieder vum US-President zu Moskau iwwer de russeschen Ugrëffskrich géint d’Ukrain geschwat. Duerno sinn de Steve Witkoff a Jared Kushner eng éischte Kéier op Kiew gereest.

auto_stories

1 min

Den Jared Kushner an de Steve Witkoff beim Wladimir Putin | © EPA/GAVRIIL GRIGOROV / SPUTNIK / KREMLIN / POOL MANDATORY CREDIT
Den Jared Kushner an de Steve Witkoff beim Wladimir Putin (Foto: EPA/GAVRIIL GRIGOROV / SPUTNIK / KREMLIN / POOL MANDATORY CREDIT)

Et geet ëm e méiglecht Enn vum Ukrain-Krich. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj wëllt d’Vertrieder vum US-President Donald Trump um Sonndeg zu Kiew empfänken.

Gespréich mam Putin zu Moskau

De Steve Witkoff a Jared Kushner haten an der Nuecht de Kreml no engem Gespréich vu gutt dräi Stonne mam Wladimir Putin verlooss. Konkret Resultater sollen et net ginn, heescht et.

E Beroder vum Putin huet vu konstruktiven, inhaltsräichen a vertrauensvolle Gespréicher geschwat.

Kiew a Moskau goufen net ugegraff

Wéinst der US-Vermëttlungsmissioun hu Russland an d’Ukrain – wéi ofgemaach – d’Haaptstied Kiew a Moskau net attackéiert. Op anere Plaze goufen et awer Loftugrëffer, z.B. op Industrieanlagen a Russland an no bei der Front an der Ukrain.