Zwee Doudesaffer

Een Dag no Visitt vun US-Emissären: Russland lancéiert nees Attacken op Kiew

Russland huet hënt no dräi Deeg Paus nees Loftattacken op déi ukrainesch Haaptstad Kiew lancéiert. Der Militärverwaltung vu Kiew no wieren zwee Mënschen ëm d‘Liewe komm. Russland hätt Dronen a ballistesch Rakéite geschoss. D‘Awunner:inne goufen opgeruff, sech a Schutzraim a Sécherheet ze bréngen. 

auto_stories

1 min

Ugrëff op Kiew am Juni 2026 | © EPA/SERGEY DOLZHENKO
Ugrëff op Kiew am Juni 2026 (Foto: EPA/SERGEY DOLZHENKO)

Russland hat d‘Attacke wärend dräi Deeg gestoppt, well d‘US-Spezialemissäre Steve Witkoff an Jared Kushner zu Moskau an zu Kiew waren. 

Witkoff optmistesch, Selenskyj net

De Steve Witkoff hat dono vu substantielle Fortschrëtter en vue vu weidere Friddensverhandlunge geschwat.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj war manner optimistesch an huet gesot, dëse Wanter géif fir d‘Ukrain dee schwéiersten zënter dem russeschen Ugrëffskrich viru méi wéi véier an engem hallwe Joer ginn.

London ënnerstëtzt d'Ukrain virun

Groussbritannie stellt der Ukrain nach emol 100 Millioune Pond fir d‘Loftverdeedegung zur Verfügung. Dorënner wieren och sougenannte Patriot-Rakéiten, huet déi brittesch Regierung matgedeelt.