Däitschland-Russland

Premier: Solidaritéit mat Däitschland no russeschem Ugrëff op Leipziger Fluchhafen

De Premier Luc Frieden an den Ausseminister Xavier Bettel gesinn d’Relatiounen tëschent Europa a Russland weider beschiedegt, esou hir Reaktioun op d’Noriicht, datt Moskau fir déi mësslongen Attack mat enger Sprengstoffdron op den ostdäitsche Flughafe vu Leipzig responsabel ass.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© EPA/OLIVIER MATTHYS play_arrow
(Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

Zu deem Ugrëff, deen ukrainesch Frachtfligere viséiert hat, war et Ufank August komm. Deemools gouf et weder Schued, nach Blesséierter. Nawell hunn och fir d’Regierungsspëtzt d’Relatioune vun Europa zu Russland nees Schued dovu gedroen. 

Premier rechent domat, datt russesch Attacke méi heefeg ginn

Um Bord vun enger Entrevue mam EU-Rotspresident Antonio Costa an der Stad huet de Luc Frieden seng Solidaritéit mat Däitschland ausgedréckt. Déi géif och fir aner europäesch Länner gëllen, déi Affer goufe vun hybriden oder reelle russeschen Attacken.

"Je crois que c'est d'ailleurs quelque chose qui va continuer à avoir lieu, et donc je crois qu'il faut toujours se concerter comment on peut au mieux répondre à cela."

Et géife scho Sanktioune géint Russland wéinst dem Krich an der Ukrain ginn, erënnert den CSV-Premier. An déi géif Lëtzebuerg ënnerstëtzen. 

"Je ne sais pas s'il faut ajouter tous les jours de nouvelles sanctions, mais notre objectif est clairement de dire à travers les sanctions, ou nous ajoutons de temps en temps de nouvelles, que ce que fait la Russie est inacceptable et que nous souhaitons qu'elle cesse ces attaques contre les pays de l'Union Européenne, contre les pays de l'OTAN." 

Falscht Zeeche fir eng Deseskalatioun

Vum Lëtzebuerger Premier war et donieft de klore Message u Russland, datt d’Ukrain weider wäert ënnerstëtzt ginn. De Grand-Duché wier net dovun ofzebréngen, esou de Luc Frieden.

Déi selwecht Positioun huet den DP-Ausseminister Xavier Bettel de Moien am méi kuerze virun enger Reunioun vun den EU-Ausseministeren an Irland vertrueden. 

"Une nouvelle échelle qui va dans la mauvaise direction quand on parle de désescalade et de volonté de trouver une solution pérenne."

Zu Moskau hat Russland am fréien Nomëtten de Vertrieder vum däitschen Ambassadeur an den Ausseministère convoquéiert, wéinst russlandfeindlechen Deklaratioune vu Berlin.

Lauschterenplay_arrow